Éischte Bausteen vum internationale Batallioun
D'Arméi kritt bis 2026 80 nei Arméisween. Et handelt sech ëm den CLRV, eng Zort blindéierten Arméistransporter.
Virgestallt goufen zwee Prototyppe e Freideg um Härebierg als "éischte Bausteen vum internationale Batallioun". An dat well méi Kollaboratioun mat Gefierer aus anere Länner méiglech ass.
Produzéiert an der Schwäiz, mat engem franséische Kommunikatiounssystem an engem belsche Waffesystem wier et e richtegen europäesche Produit, huet et bei der Presentatioun geheescht. Mat dësem neie Gefier kënnen d'Zaldoten net méi just mat anere Lëtzebuerger Gefierer kommunizéieren, erkläert de Lieutenant-Colonel Guillaume Hansen, mee och mat franséischen oder belschen Zaldoten zesumme schaffen. Dat wier eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d'Zukunft.
Doriwwer eraus fiert sech de Won och anescht, wéi den Dingo bis ewell, esou den Adjudant-Chef Tom Schmitz. Hien huet dat neit Gefier mat getest. Virun allem an enger Stress-Situatioun wier d'Gefier vill méi einfach ze fueren an et kéint ee manner Feeler maachen. "De Won verzeit einfach vill méi." Obwuel d'Gefier däitlech méi grouss ass wéi en normalen SUV, géing e sech awer änlech manövréiere loossen. E klore Virdeel par rapport zum alen Dingo, esou den Adjudant-Chef Tom Schmitz.
An den Asaz kënnen d'Ween souwuel an engem Krich kommen, wéi och an enger Friddensmissioun, wou de Won virun allem géint Minne muss geschützt sinn. Bis ewell krut déi Lëtzebuerger Arméi zwee Prototyppe geliwwert. Dës ginn evaluéiert a getest. Bis Enn 2026 sollen am ganzen 80 där Gefierer geliwwert ginn. De Budget fir de komplette Pak beleeft sech iwwer 30 Joer op ronn 367 Milliounen Euro.