D'Rucksakbibliothéik gouf un nei Schoulen iwwerreecht

© Marc Hoscheid / RTL
79 Joer nom Zweete Weltkrich ass d'Erënnerungsaarbecht nach ëmmer wichteg. Well awer net méi vill Zäitzeie liewen, gëtt se gläichzäiteg ëmmer méi schwéier.
Fir dem Vergiessen entgéintzewierken, gouf 2017 de Projet "Rucksakbibliothéik Vun de Schoule fir d’Schoulen" an d'Liewe geruff. E Mëttwoch de Moie war am Stater Conservatoire eng Zeremonie, bei där de Schoulen, déi an deene leschten zwee Joer beim Projet matgemaach hunn, hir Resultater presentéiert hunn an un déi nächst Schoule weiderginn hunn.
Wéi et sech fir eng Zeremonie am Conservatoire gehéiert, hunn eng Partie musikalesch Einlagen net duerfe feelen. Hei war et de Chant des marais, virgedroe vu Schüler vum Ettelbrécker Lycée Saint-Anne. Ma véier Schoulen hunn awer och presentéiert, wéi si am Kader vun der Rucksakbibliothéik zum Thema Zweete Weltkrich geschafft hunn. De Felix Natusch ass Schüler an der International School vum Lënster Lycée a beschreift, wat seng Klass erlieft huet.
"Im Zuge des Projekts haben wir mit einem breiten Netzwerk an Partnern, wie Gedenkorganisationen, Museen und Bildungseinrichtungen zusammengearbeitet. So stellte uns das Zentrum für politische Bildung die Ausstellung Fifty Faces zur Verfügung, eine Sammlung von Biografien aus der Zeit des Krieges. Des Weiteren durften wir Zeitzeugen wie Frau Ginter-Bonichaux, eine Zwangsrekrutierte und Herrn Joseph, einen Zeugen der zweiten Generation der Judenverfolgung treffen."
D'Marylène Ewen ass Geschichtsproff an der école de commerce et de gestion an erzielt, wat hier Motivatioun war, beim Projet matzemaachen.
"Virun allem geet et jo drëm, fir net ze vergiessen, fir d'Erënnerung ze erhalen, fir all déi Atrocitéiten net ze vergiessen, déi geschitt sinn an och fir de Schüler dat mat op de Wee ze ginn. Ech fannen et immens wichteg ze responsabiliséieren, fir se staark ze maachen, fir se zu demokratesche Bierger ze erzéien. Datt si sech och bewosst sinn iwwert d'Konsequenze vu Konflikter, vu Kricher. Si sollen d'Demokratie, déi mir haut hunn, net fir selbstverständlech huelen."
Och d'Presidentin vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale, Claude Wolf, huet ënnerstrach, datt d'Demokratie méi séier a Gefor kéint sinn, wéi ee mengt. Dat géing och ee Bléck an d'Zäit virum Zweete Weltkrich weisen.
"Déi nationalsozialistesch Partei ass 1933, also virun 91 Joer, an Däitschland un d'Muecht komm, demokratesch gewielt, si huet kee Putsch musse maachen, fir un d'Spëtzt vum Staat ze kommen. Ech liese vill iwwert déi Zäit, dat geet erlaanscht hunn d'Leit deemools gesot, déi do kënne sech dach net un der Muecht halen, dat ass eng Randgrupp, dat geet rëm eriwwer. Besonnesch déi jiddesch Bevëlkerung huet sech an Däitschland eigentlech doheem gefillt, war total integréiert. Vill Judden haten am Éischte Weltkrich gedéngt, si konnte sech net virstellen, datt ganz Däitschland hinnen een Dag géing de Réck dréinen."
Datt d'Mënschheet sech awer éischter schwéier deet, aus der Geschicht ze léieren, géing ee Bléck an d'Géigewaart weisen, esou d'Simone Beck, Presidentin vun der nationaler Kommissioun fir d'Kooperatioun mat der UNESCO.
"Haut geschéien all Dag déi selwecht Verbriechen, wuel net an den Zuele vun 1939-1945, mee op där selwechter Grondlag. Wéi deemools gi Mënschen ëmbruecht, well se net an ee bestëmmte Weltbild passen. Wéi deemools gi Mënschen ëmbruecht, well se eng aner Rass oder Relioun hunn. Wéi deemools gi Frae vergewaltegt, well dat eng wierksam Waff ass, fir d'Gesellschaften ze destabiliséieren. Wéi deemools gi Kanner a jonk Leit entwuerzelt, well hier Elteren, hier Frënn, hiert gewinnten Ëmfeld einfach net méi do sinn."
Ma de Chamberpresident Claude Wiseler huet sech a senger Ried optimistesch gewisen, datt d'Schüler, déi bei der Rucksakbibliothéik matgemaach hunn, verstanen hunn, wéi wichteg et ass fir Fridden a Fräiheet anzestoen. Dat hätten d'Presentatiounen, déi dacks duerch Filmer ënnerstëtzt goufen, gewisen. Elo ass et dann un neie Schoulen, hier Erfarunge mat der Rucksakbibliothéik ze maachen a se dono weiderzeginn.