De Programm "Bounce" gëtt méi Garantië fir Betriber, déi Sue léine ginn
Betriber déi a verschiddenen Aspekter Problemer hunn, e Kredit ze kréien, kënnen hiren Dossier bei der Mutualité de Cautionnement areechen.
Et wier eng Offer un déi kleng a mëttel Entreprisen, ewéi et se nach ni gi wier: mam Programm "Bounce" erweidert d’Mutalité de Cautionnement vun der Handelskammer iwwert déi nächst zwee Joer hir Garantië fir Bankekreditter.
Betriber déi e Kredit brauchen, mee net genuch Bierg hunn oder sech zousätzlech wëllen ofsécheren, kënnen hiren Dossier bei der Mutualité de Cautionnement areechen. Déi garantéiert dann 80 Prozent vum Prêt oder vun der Kreditlinn bis zu engem Montant vun 150.000 Euro an iwwert dee Montant eraus 50 Prozent.
D’Mutualitéit cautionnéiert schonn zanter bal 50 Joer Kreditter fir kleng a mëttel Betriber. Iwwert déi lescht fënnef Joer hätte 500 Betriber dovunner Gebrauch gemaach. De Robert Goeres rechent domadder, datt d’Demande mam "Bounce"-Programm wäert klammen.
Den interesséierte Betrib soll als éischt de Kredit bei senger Bank ufroen, de Kontakt bei der Bank dann der Mutualitéit weiderginn. D’Betriber mussen der Mutualitéit just eng Prime de risque vun 0,5 bis 1 Prozent bezuelen, wat fir e Kredit vun 120.000 Euro zum Beispill, ronn 2.200 Euro d’Joer entsprécht.
De Kredit ass ee vu villen Deeler bei der Kreatioun oder Entwécklung vun enger Entreprise, esou de President vun der Mutalité de Cautionnement. Fir Autorisatiounen oder aner Etappen, bidden d’Chambre de Commerce an d’House of Entrepreneurship weider Ënnerstëtzung, Berodung oder Informatiounen.
Hei d’Informatiounen, wann een un der Garantie vun der Mutalité de cautionnement interesséiert ass.
© François Aulner