Um Intersex Intersex Awareness Day gëtt op d'Rechter vu Leit opmierksam gemaach, déi op biologeschen Niveau weder männlech nach weiblech sinn.

An deem Kontext organiséiert d’Associatioun "Intersex an Transgender Lëtzebuerg" schonn zanter leschter Woch Konferenzen an Evenementer fir Fachpersonal an de Grand public. D'Rechter vun Intersex-Leit géifen zu Lëtzebuerg nach net genuch protegéiert, soen Experten.

Wichteg fir d'Rechter vun Intersex-Persoune wier, datt hir Existenz als Mënschen, déi net enger binärer Definitioun vum Geschlecht entspriechen, unerkannt gëtt, sou den Droitsprofesser Benjamin Moron-Puech. An, datt si net ouni hiert Averständnis operéiert ginn, fir si un eng männlech oder weiblech Norm unzepassen:

"Je suis déjà venu ici en 2012 au Luxembourg, en 2023, et je constate qu'on en est toujours au même point, alors qu'entre-temps, beaucoup de pays ont vraiment fait des efforts pour intégrer d'abord l'existence des personnes intersexes, puis ensuite assurer leur protection. La France a bougé, l'Espagne a bougé, la Belgique a bougé, l'Allemagne a bougé, donc beaucoup de pays qui sont autour, et le Luxembourg, je ne vois toujours rien venir."

E perfekte gesetzleche Kader géing et och an anere Länner net ginn, awer positiv Elementer. De Conseil de l’Europe wier am Gaangen, Recommandatiounen dozou auszeschaffen an d’EU-Kommissioun hätt eng Etüd an Optrag ginn, fir d’gesetzlech Kaderen ze vergläichen.

"Intersex an Transgender Lëtzebuerg" fuerdert, datt bei Operatiounen, déi fir d’Gesondheet vum Kand net dréngend noutwenneg sinn, gewaart gëtt, bis datt d’Kand al genuch ass, fir selwer matzeschwätzen, esou den Dokter Erik Schneider: “Es geht also nicht um die Operation an sich, wenn ein Kind später sagt, ich möchte im Stehen pinkelen wie die anderen, dann gibt es da eine Intention dahinter und da kann man mit dem Kind auch die Vor- und Nachteile besprechen und da können wir dann eine informierte Einwilligung herstellen. Das ist beim ein - bis zweijährigem Kind schlichtweg nicht möglich."

Weltwäit géing ee gesinn, dass Operatiounen u Kanner, déi bei der Gebuert als Intersex agestuuft ginn, zréckginn. Et géingen awer och Kanner ginn, déi net onbedéngt als intersex ugesi ginn, mee bei der Gebuert dem männlechen oder weiblechem Geschlecht zougeuerdent ginn, awer verschidde Variatiounen un hire Genitalien hunn an déi nach ëmmer heefeg operéiert ginn. Dat wieren zum Beispill Meedercher, déi eng grouss Klitoris hätten oder Jongen, déi eng sougenannten "Hypospadie" hätten, bei där d’Harnröhre net un der Spëtzt vum Penis erauskënnt. Operatioune fir eng Hypospadie ze verännere géingen et "Intersex an Transgender Lëtzebuerg" no eng 50 am Joer hei am Land ginn, wouvunner en Deel awer keng nei, mä No-Operatioune wieren.

Um Intersex-Awareness-Dag dëse Samschden organiséiert "Intersex an Transgender Lëtzebuerg" nach eng lescht Konferenz, bei där d’Fro vun der medezinescher Noutwennegkeet am Fokus steet (Veranstaltungsreihen/séries d'évènements/event series - CAÏTIA).