Den 10 Joer ale Stee ass faul – eng Etüd soll Léisunge bréngen
Zwar warnt e Panneau um Wee bei d'Kallektuffquell, datt de Stee bis dohi rutscheg ka sinn, virun de weidere Gefore vum alen Holz gëtt awer net gewarnt.
War Dir schonn eng Kéier bei d’Kallektuffquell spadséieren? Wann net, gëtt et héich Zäit dësen Trëppeltour no ze huelen, well no e puer honnert Meter iwwer en hëlzene Stee kënnt ee bei e klenge Waasserfall an en natierleche Baseng mat glasklorem Quellewaasser. Dass d’Kallektuffquell esou eng Attraktioun ass misst Gemengen an Tourismusverbänn u sech freeën – wier den 10 Joer ale Stee an der tëscht net zimmlech baufälleg.
D’Kallektuffquell am Mëllerdall ass e Naturphenomeen a gehéiert zu den Touristenattraktioune vun der klenger Schwäiz. De Wee fir bei dat kristallkloert Quellewaasser féiert iwwer en hëlzene Stee, dee seng beschten Zäit hanner sech huet: no 10 Joer ass d’Holz deels gefault a plazeweis ass de Passage carrement geféierlech. D’Monique Kater iwwer e Stéck Mëllerdall Trail, fir dee kee sech esou richteg verantwortlech fillt.
Wie se net kennt, muss se kenneléieren. Tëscht Konsdref an der Reilander Millen huet d’Kallektuffquell sech verstoppt; fir dohin geet et iwwer e Stee, deen uganks harmlos ausgesäit, mee dann no an no seng Naupe weist. 10 Joer aalt Holz ass, wann et fiicht steet - fir unzefänken emol schmiereg a glëtscheg – e Panneau warnt eis. Bis duer, alles normal. Stopp! Wat heescht hei normal? D’Touristen gi sech hei iwwregens d’Klensch an de Grapp, si hu warscheinlech d’Konsdref News net gelies an dës Biller net gesinn.
Obschonns de Konsdrefer Patrick Mischel den Zoustand vum Stee Mëtt September gemellt huet, koum d’Äntwert eréischt de 24. Oktober.
De Stee fir bei d’Kallektuffquell soll wéi gesot virun 10 Joer gebaut gi sinn, ugangs 24 gouf dru gefleckt, elo nom hallwe September och nees, an dat wieren d’Gemengesyndikater Konsdref a Waldbëlleg gewiescht, sou eis inoffiziell Info. Et wollt nämlech kee virun d’Kamera.
E Communiqué vum Tourismus-Verband Regioun Mëllerdall vu virun 3 Deeg wërft méi Froen op, wéi dass en Äntwerte gëtt. Geet et drëm, wie fir en neie Stee bezilt? Nodeems all déi aner concernéiert opgezielt goufen – also d’Gemenge Konsdref a Waldbëlleg mat hire Syndikater, d’Natur- a Forstverwaltung, den Tourismus am Wirtschaftsministère an den Natur- a Geopark Mëllerdall gëtt da präziséiert, dass een eng vun deene berüümten Etüden an Optrag ginn hätt an dass ee sech deemnächst nees géing zesummesetzen. Vläicht besser nach virun der nächster Touristesaison.
De bäigeuerdenten Tourismusminister Eric Thill sot, et géif een d'Situatioun ganz eescht huelen an et wéilt een d'Problemer esou séier wéi méiglech behiewen.
Wouhier kënnt den Numm Kallektuffquell?
Tuff kënnt aus dem Laténgeschen tofus. Et handelt sech ëm e Steen, zu 75 aus Vulkan-Äschen, déi haart gi sinn. En ass meeschtens ganz porös. Fréier gouf vill mat Tuff-Zille gebaut.