Logementshëllefen am Iwwerbléck
De Site "Aides.lu" ass elo online ze fannen

© Envato Elxeneize
De Site aides.lu soll Investisseuren a Persounen, déi eng éischt Wunneng fir sech kafen, en Iwwerbléck verschafen, wéi eng Hëllefen et am Logement ginn.
En Dënschdeg ass "Aides.lu" online gaangen. Domadder kann ee sech ausrechne loossen, wéi vill d'Erspuernesser duerch d'Logementshëllefen beim Kaf vun enger Immobilie ausmaachen. Den neie Site adresséiert sech an éischter Linn u Jonker, déi eng éischte Kéier eng Wunneng kafen. Ma och Investisseure fannen hei Informatiounen.
Punkt fir Punkt vum 22. Oktober: Wat bitt aides.lu, wat aner Outilen net kënnen?
Anescht wéi bei de Banken, wou een de Remboursement vu Prête simuléiere kann, baséiert de Site op Acquisitiounen a wat een dofir bezuele muss.
Am meeschte gelies