De Groussdeel vun der Oppositioun spuert net mat Kritik
De 17. November ass et genee ee Joer hier, datt d'Regierung Frieden-Bettel vereedegt gouf.
Villes wier geleescht ginn, sou de Fraktiounschef vun der DP, Gilles Baum. De Marc Spautz vun der CSV hält zeréck, et hätt een als nei Ekipp méi laang Ulaf gebraucht, elo wier een awer gutt ënnerwee.
Kritik, wat net just eenzel Akzenter, ma virop och wat de Stil ubelaangt, kënnt iwwerdeems vun de Bänke vun all den Oppositiouns-Parteien.
Wéi gesäit den Tëschebilan aus?
No 10 Joer an der Oppositioun war et fir d'CSV de Retour an d'Regierung, d'DP ass zwar an der Majoritéit bliwwen, huet awer de Poste vum Premier verluer. Huet sech d'Regierung no engem Joer fonnt a gëtt se den eegenen Uspréch gerecht? Op déi Froe ginn et, jee nodeem wien ee freet, ganz ënnerschiddlech Äntwerten.
Fänke mer emol mat de Vertrieder vun de Majoritéitsparteien un. Datt déi sech mat Kritik zeréckhalen, dierft jo kee wierklech wonneren. D'Regierung ze luewen, gehéiert a gewësser Weis zur Jobbeschreiwung vun engem Majoritéitsdeputéierten. Datt ee seng Aarbecht op deem Punkt ganz seriö hëlt, weist den DP-Fraktiounschef Gilles Baum:
"Ech fannen, datt dat éischt Joer scho ganz vill geleescht ginn ass. Et ass natierlech eng Regierung, déi e bëssi Zäit gebraucht huet, fir sech ze fannen. Et ass awer och eng Regierung, déi et fäerdeg bréngt, d'Leit zesummenzebréngen, ech denken un den Energiedësch, ech denken un den Agrardësch, ech denken un de Logementsdësch. Ech denken awer besonnesch och un all déi Mesuren, déi scho geholl gi sinn, fir de Logement ze relancéieren. Mir wëssen, datt de Logement ee vun den Haaptproblemer ass, deen och d'Aarmut zu Lëtzebuerg generéiert. Natierlech ass et sou, datt déi Mesuren net ëmmer den Dag drop gräifen, dat braucht alles seng Zäit."
Mat Bléck op de Kampf géint d'Aarmut wier hien dann och frou, datt Schwaarz-Blo déi progressiv Sozialpolitik, déi an den zéng Joer virdru vun der Dräierkoalitioun bedriwwe gi wier, weiderféiere géing. Als Beispill vu soziale Mesuren, déi deemnächst komme wäerten, nennt de Gilles Baum, datt Leit mam Revis automatesch een Urecht op de Crédit d'impôt d'énergie hunn. Sozialpolitik läit och dem fréiere Gewerkschaftler an aktuellen CSV-Fraktiounschef Marc Spautz um Häerz. Do, an awer och am grousse Ganzen, gesäit hien d'Regierung um richtege Wee, och wann deen am Ufank e bëssi knubbeleg gewiescht wier:
"Ech mengen, datt eng gutt Aarbecht gemaach ginn ass. Et ass jo ee richtege Regierungswiessel gewiescht, an der Zäit hat ee Mol einfach, datt déi Majoritéit, déi do war, weidergefuer ass. Hei huet eng aner Majoritéit sech fonnt. Datt een dann am Ufank vläicht bëssi méi Ulafschwieregkeeten huet, oder - Schwieregkeeten ass ee schlecht Wuert, - méi laang Ulaf braucht, ass gewosst, mee ech mengen, datt se eng ganz gutt Aarbecht gemaach hunn. Mat der Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell ass eng Mesure komm, déi de Leit zegutt kënnt. Um Energiedësch, um Logementsdësch goufen déi Akzenter gesat, déi noutwenneg waren."
Mëttlerweil hätt een och zu engem richteg gudden Dialog tëscht de Majoritéitsfraktioune fonnt. Zur Majoritéit gehéieren d'Pirate bekanntlech net. Dowéinst kann de Bilan, deen de Marc Goergen no engem Joer CSV-DP-Regierung zitt, vläicht bëssi iwwerraschen:
"Also deen éischte Bilan géing ech soen, wier scho positiv, well déi Regierung awer eng nei Dynamik rabruecht huet. Et sinn déi eng Punkten, déi eis besser gefalen, wéi zum Beispill hir Steierpolitik, well och mir Piraten der Meenung sinn, datt d'Mëttelschicht muss entlaascht ginn a se ënnert Gambia vill ze laang belaascht ginn ass. Op deene Punkte si mer mat der CSV-DP enger Meenung. Do sinn awer aner Sujeten, wéi een Heescheverbuet, wou mer dann net onbedéngt enger Meenung sinn. Dat heescht, et ass sou bëssi gemixt."
Wärend de Finanzminister Gilles Roth an d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen gutt Notte verdéngt hätten, wier dat beim Ëmweltminister Serge Wilmes an dem Inneminister Léon Gloden manner de Fall. Datt de Léon Gloden net dee beschte Start hat, fanne bei allem Luef iwwregens och de Marc Spautz an de Gilles Baum. Den DP-Fraktiounschef hëlt an d'Kritik vun der suboptimaler Kommunikatioun och den Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo mat eran. D'Aarbecht vun engem Minister wier eben anescht, wéi déi vun engem Buergermeeschter. Sech vum Koalitiounspartner ofzegrenzen, gehéiert eben och zur Jobbeschreiwung vun engem Majoritéitsdeputéierten.
Et misst ee sech d'Fro stellen, ob de Premierminister Luc Frieden ee gudde CEO fir d'Land ass, esou d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. D'Regierung géing nämlech optrieden, wéi wa se kee Plang hätt. Ma et kéint och ganz gutt sinn, datt dat Chaos Deel vum Luc Frieden senger Taktik ass: "Fir dann herno Punkten ze presentéieren, déi vläicht am Ufank manner gutt verdaulech sinn, fir déi herno als grouss Formule magique kënnen ze verkafen a méi kriddeleg Punkte kënnen duerchzeboxen. An ech hu wierklech de Verdacht, datt ee bewosst déi Strategie fiert, fir Chaos ze provozéieren a fir esou seng Leit e bëssi an d'Messer lafen ze loossen."
Ee gutt Beispill wier den Ëmgank mat de Gewerkschaften, sief et beim Dossier Kollektivverträg oder beim Dossier Pensiounen. Och d'Cheffin vun der Sensibilité politique déi Gréng, Sam Tanson, stéisst sech dorunner, datt den Dialog tëscht der Regierung an Acteuren aus dem sozialen an dem ökologesche Secteur net wierklech klappe géing: "Wou ee wierklech d'Impressioun huet, datt si soen, et géing net op si gelauschtert ginn, et wier keng richteg Diskussiounskultur do. De Sträit, deen tëscht de Gewerkschaften an dem Aarbechtsminister héichgekacht ass, ass eppes, wat mer extrem bedaueren. Oder och d'Kriticken, déi vun engem Mouvement écologique par Rapport zum Ëmweltminister do sinn, dat si scho Saachen, déi eis Suerge maache par Rapport zum Dialog an eiser Gesellschaft."
Et géing ee feststellen, datt virun allem eng Politik fir Entreprisen an déi Räich gemaach géing ginn. De President vun der ADR-Fraktioun, Fred Keup, fënnt iwwerdeems, datt d'CSV-DP-Regierung sech schwéier doe géing, fir mat der Politik vu Gambia, a virun allem deene Gréngen, ze briechen. Et géing un neien Iddie feelen: "Mir hunn déi typesch Problemer hei am Land, déi mer hunn, ob dat Logement ass, de Stau op de Stroossen, de Wuesstem, d'Kriminalitéit a sou weider. Ech weess net, ob déi heite Regierung d'Léisungen dorobber fënnt. Am Moment probéiere se verschidde Saachen, mee bis lo ass awer och net vill do, wat sech verbessert huet."
Beim Kampf géint d'Aarmut, deen déi zwou Parteie wärend de Koalitiounsgespréicher zu enger vun de Prioritéiten erkläert haten, wieren zwar schonn e puer Saachen ugestouss ginn, mee et géing net sou ausgesinn, wéi wa sech vill géing änneren. De Marc Baum vun deene Lénke geet nach méi haart mat der Regierung an d'Gebiet. An deene grousse gesellschaftleche Froe wier et esouguer no hanne gaangen: "Et ass eng Regierung, déi ugefaangen huet mat liberticide Mesuren, Heescheverbuet an dono de Platzverweis renforcé. Déi um soziale Plang strictement guer näischt opweises huet. Ech erënneren un déi Konflikter, déi se muttwëlleg siche gaangen ass mat de Gewerkschaften, d'Kollektivverträg, Sonndesaarbecht. Dat heescht eng Politik, déi um Bockel vun deene Leit gemaach gëtt, déi schaffen."
Och an der Ëmweltpolitik géing Villes an déi falsch Richtung goen. Primme fir Solar-Panneaue wieren erofgaangen an d'Energie géing méi deier ginn, well de Präisdeckel Enn des Joers ausleeft.