Mir hunn eppes wéi eng Krisenamnesie an Europa a bleiwen dowéinst ofhängeg vu fossille Brennstoffer an héije Präisser, sou d'Analys e Freideg de Moie vum däitsche Professer Volker Quaschning, deen zanter méi wéi 20 Joer am Beräich vun den erneierbaren Energien op der "Hochschule für Technik und Wirtschaft" (HTW) zu Berlin fuerscht. Den Ingenieurswëssenschaftler war en Donneschdeg op Invitatioun vun déi Gréng fir eng Konferenz an der Stad an e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun um Radio.
Déi lescht 50 Joer hätt et ëmmer rëm Energiekrise ginn, mä mir géifen einfach näischt draus léieren. Hie selwer wier als Kand mat Pëtrolskrisen opgewuess, deemools war eng vun den Äntwerten autofräi Sonndeger an de 1950er a 1970er Joren. Haut misst Europa quasi säi ganze Pëtrol a Gas aus anere Länner importéierten, ma nawell géifen d'Leit an d'Politik no all Kris weider hoffen, datt et duerno weidergoe ka wéi bis elo, an dowéinst näischt änneren.
Eng kleng Entwécklung gesäit den däitsche Professer dann awer schonn. Am Ufank vum Ukrainkrich hätte vill Leit Photovoltaikanlagen installéiert an d'Demande no Elektroautoen a Wärmepompele wier eropgaangen. Ma soubal d'Präisser vun de fossille Brennstoffer nees erof ginn, géif och d'Bereetschaft fir ëmzeklammen noloossen, huet eisen Invité bedauert. Hien hätt awer grouss Hoffnung, datt d'Leit bereet wieren, hiert Verhalen z'änneren, wann d'Krise bis eemol ëmmer méi séier hannertenee kommen. Déi héich Energiepräisser kéimen aktuell vum deiere Gas an net, well déi erneierbar Energië méi deier gi wieren. Wann Europa sech lassgeléist kritt vu Pëtrol a Gas, géif dat zu méi stabillen Energiepräisser féieren.
Der EU-Kommissioun hiert Bekenntnis zur Atomkraaft keeft de Volker Quaschning de Responsabelen zu Bréissel net wierklech of. D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen seet antëscht, déi däitsch Sortie aus der Atomkraaft wier e Feeler gewiescht. Datt d'Kommissioun d'Atomkraaft sou an de Vierdergrond stellt, wier éischter fir dem franséische President Macron an der Walcampagne ze hëllefen. Mat Wandenergie léisse sech ebe keng Walen gewannen, sou de Professer fir erneierbar Energien, fir deen et weder technesch nach ekonomesch Sënn mécht, op Atomenergie ze setzen. Och déi sougenannte Mini-Atomreakteren (Smart Modular Reactors) wiere sécher keng Wonnerléisung.
All Etüde géife weisen, datt en Ëmschwong op 100% erneierbar Energien technesch gesi méiglech ass, betount de Volker Quaschning. Wa Schwankunge bei Solar- a Wandenergie duerch Waasserstoff a gespäichert Energie opgefaange ginn. Duerfir misst ee lo konsequent méi Stockage-Méiglechkeete schafen. Batterien aus China géifen ëmmer méi bëlleg ginn.
Europa - Lëtzebuerg och - muss bis 2050 klimaneutral sinn. Däitschland 5 Joer éischter souguer. An do géifen dann d'Geriichter scho kucken, datt dat klappt. Virum allem, sou den däitschen Ingenieurswëssenschaftler, géife sech an den nächsten 10 Joer ëmmer méi d'Konsequenze vum Klimawiessel weisen. An doduerch den Drock och zouhuelen. Och wann déi aktuell Energiekris eriwwer ass, wier dat just eng kleng "Verschnaufspaus".
D'Energietransitioun, do ass de Volker Quaschning formell, wier just nach eng Fro vu Wëllen. Oder et géif een iergendwann gezwonge ginn. An d'Leit géife jo lo kloer mierken, datt ee gutt drun ass, wann een ëmklëmmt.
Lëtzebuerg stéing bei der Energietransitioun änlech wéi Däitschland do, analyséiert de Volker Quaschning. Bei der Photovoltaik an de Wärmepompelen. Beim gratis ëffentlechen Transport wiere mer absolutte Virreider. Do kéinten aner Länner sech definitiv eng Scheif dovunner ofschneiden. A punkto Elektromobilitéit oder och nohaltegt Hëtzen hätte Länner wéi Norwegen an Dänemark awer kloer d'Nues fir. An Norwegen wiere 70 Prozent vun den Heizunge Wärmepompelen. An eise Breedegrade géif sech nach ëmmer Suerge gemaach, datt de kale Wanter e Problem kéint ginn, sou eisen Invité.
Um Freideg de Moie war Klimaneutralitéit Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.