Zu Dikrech ass en Donneschdeg de Prozess wéinst onfräiwëllegem Doudschlag wéinst engem déidlechen Accident no engem 1.-Mee-Bal zejoert zu Ell.

De Parquet huet en Donneschdeg de Moien eng Prisongsstrof vun zwee Joer, e Fuerverbuet vu fënnef Joer an eng Geldstrof fir den ugeklote Chauffer gefrot. Den ugeklote Chauffer, e Mann vun haut 25 Joer huet sech haaptsächlech missen wéinst onfräiwëllegem Doudschlag veräntweren.

E jonke Familljepapp vu 27 Joer war an der Nuecht op den 1. Mee an de fréie Moiesstonnen déidlech ugestouss ginn. Wéi d'Rettungsekippen op der Plaz ukomm sinn, konnte se just nach den Doud vum Ongléckleche feststellen. De Mann wollt no engem Fest ze Fouss op Uewerkolpech heem goen, well en ze vill gedronk hat, a gouf um Knuppebierg op engem Feldwee iwwerrannt, wou u sech en allgemengt Fuerverbuet war. 
 
Den ugeklote Chauffer hat de Foussgänger an der Däischtert iwwersinn an déidlech ugestouss. Zu Dikrech ass en Donneschdeg de Moien nieft dem Enquêteur just nach en Expert fir d'Rekonstitutioun vun Autosaccidenter gehéiert ginn. D'Police hat nom Accident nieft der Autopsie vum Affer och en Zeienopruff lancéiert, an der Hoffnung, méi d'Detailer gewuer ze ginn, wéi et zu der déidlecher Kollisioun konnt kommen.
 
Duerch déi dramatesch Ëmstänn hat den Accident zejoert fir vill Reaktiounen an der Géigend gesuergt. Dat well d'Affer säin u sech richtege Reflex, fir den Auto stoen ze loossen, well et ze vill gedronk hat, mam Liewe bezuelt huet. Frënn a Famill haten op der Onglécksplaz tëscht Ell an Uewerkolpech Blummen, Käerzen, Messagen a perséinlech Géigestänn néiergeluecht.

De Prozess war just op een Dag ugeluecht. D'Urteel gëtt den 10. Januar gesprach.