An der Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee gouf tëscht Ell an Uewerkolpech ee jonke Familljepapp déidlech ugestouss. D'Ëmstänn sinn nach ëmmer onkloer.

Wat ass genee an der Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee um Knuppebierg an der Rue de Colpach-Haut tëscht Ell an Uewerkolpech geschitt?

Wann een zu Ell e bëssi d'Ouere spëtzt, mierkt ee séier, datt d'Leit sech eng Partie Froe stellen. Kloer schéngt, datt de Mann vu 27 Joer no engem Fest zu Ell responsabel heem komme wollt a sech dowéinst derfir decidéiert huet, fir zu Fouss op Uewerkolpech ze trëppelen. Dat duerch d'Rue de Colpach-Haut, am Fong ee Feldwee, wou ausser fir déi Leit, déi do wunnen, een allgemengt Fuerverbuet gëllt, un dat sech awer och am Dag net jiddereen hält. Dat war dann och an der Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee de Fall an et sollt zum fatalen Zesummestouss mat engem massiven Impakt kommen.

RTL

© Marc Hoscheid

Beim Affer handelt et sech ëm ee jonke Familljepapp, deen an der Géigend bekannt a beléift war. Wéi de Rettungsdéngscht op der Plaz agetraff war, war de Mann schonn dout. D'Police huet een Zeienopruff lancéiert. D'Ermëttlungen huet de Parquet iwwerholl. Wéi de Parquet op RTL-Nofro hin erkläert, kéint een aktuell keng weider Detailer ginn, et géing een nämlech nach op d'Resultater vun enger Autopsie an enger toxikologescher Analys waarden. Ze vill Punkte wieren nach onkloer.

Sécher ass aktuell just, datt de Mann säi Liewe verluer huet, well hie säin Auto aus Virsiicht stoe gelooss huet an een anere mat sengem Auto op enger Plaz ënnerwee war, wou en héchstwarscheinlech net duerft. Op der Plaz vum Accident hu Frënn a Famill entretemps Blummen, Käerzen a perséinlech Géigestänn a Messagen néiergeluecht.

RTL

© Marc Hoscheid