Persoun, déi zu Ell ugestouss gouf, ass un hire Blessure gestuerwen
E Méindeg am fréie Moie gouf eng Persoun op engem Feldwee tëscht Ell an Uewerkolpech vun engem Auto ugestouss.
E Méindeg de Moien am Bulletin vum CGDIS war nach Rieds, dass eng Persoun blesséiert gouf. En Dënschdeg de Mëtteg koum dunn d'Nouvelle vun der Police, dass de 27 Joer ale Mann den Accident net iwwerlieft huet. Hien ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.
Am Asaz waren den Ettelbrécker SAMU, d'Pompjeeë vun Ell a Réiden, grad ewéi eng Ambulanz vu Réiden.
De Parquet huet d'Spueresécherung vun der Police beoptraagt, den Oflaf vum Accident ze klären. Et gouf eng Autopsie vun der Läich ordonéiert.
D'Police sicht am Zesummenhang mam Accident no Zeien. Wien Informatiounen huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Atert ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 92 1000 oder per Mail.