Et hätt ee genuch Zeien, fir Mobbingreprochen a Gemeng Conter ze beleeën

© RTL Archiv
Datt et keng Zeie fir d'Mobbingreprochen an der Gemeng Conter géing ginn, wier net wouer, seet den Affekot vun de Mataarbechter, déi d'Virwërf maachen.
Den Affekot vun den zwee Employéë vun der Gemeng Conter widdersprécht an engem schrëftleche Statement un RTL der Duerstellung vum Schäfferot, et géife keng Zeien vun de Mobbingreproche ginn. Et hätt een eng hallef Dosen Temoignagen, déi op eenzele Punkte géifen d'Versioun vun de Mataarbechter beleeën. An dat och offiziell aktéiert, schreift de Maître Alex Penning, deen net verstoe kann, datt d'Personaldelegatioun net mat agebonne war.
OGBL fuerdert Enquêtëkommissioun
Am Kader vun de Mobbing-Reprochen an der Gemeng Conter fuerdert den OGBL eng onofhängeg Enquêtëkommissioun. Den OGBL kritiséiert an engem Schreiwes, datt d'Gemeng eng privat Investigatioun an Optrag ginn huet.
Ënnert deenen Ëmstänn misst een der Gewerkschaft no dovun ausgoen, datt d'Resultater net objektiv wäerte sinn. Dat géif just weider den Androck verschäerfen, datt net am Sënn vun de Betraffenen, mee vun der Gemeng agéiert gëtt.
Ob ee wierklech vu Mobbing schwätze kéint, misst e Geriicht entscheeden. Et wier inacceptabel, datt d'Gemeng probéiere géif, sech selwer vun de schroe Virwërf ze léisen, amplaz transparent an objektiv un dat Ganzt erunzegoen.