De Projet "Zuch vun der Demokratie" soll Kanner d'Demokratie méi no bréngen. An deem Kader stoung ënner anerem eng Visitt an der Chamber um Programm.

Zuch vun der Demokratie / Reportage Carla Schuller

An der Chamber haten d’Deputéiert e Freideg ganz jonke Besuch. D’Schüler aus néng Klasse vum Cycle 3 a 4 aus dem ganze Land waren am Kader vun der Initiativ “Zuch vun der Demokratie” um Krautmaart. Si hunn enger Rei Deputéierten hir Iddie presentéiert, déi an hiren Aen onbedéngt sollten ëmgesat ginn.

Fir dës siwenten Editioun vum "Zuch vun der Demokratie" sinn 123 Schüler aus de Grondschoule vu Beetebuerg, Bartreng, Izeg, Noumer, dem Lampertsbierg a Wolz op de Krautmaart komm.

D’Kanner hu vill verschidden Iddie matbruecht, vu Klassenhënn bis zu inklusive Spillplaze fir Kanner mat Behënnerung. Am Laf vum Projet ass awer kloer ginn, dass et hinne wichteg ass, d’Demokratie ze erhalen a sech ze bedeelegen.
Dës géif vill iwwert déi nächst Generatioun vu Wieler aussoen, sou de Chamberspresident Claude Wiseler:

"Ech mengen, dass wann ee kuckt, wat d’Kanner alles soen. Bei hinnen ass d’Suerg ëm den aneren, d’Inclusioun, de Respekt virun anere grouss geschriwwen. Déi Valeure vun eiser Gesellschaft si scho ganz staark bei hinne vertrueden. Ech fannen dat flott a wichteg."

D’Schüler hu präsentéiert, wat Demokratie fir si ass, wéi e Politiker an hiren Ae soll sinn a wat si wëllen änneren. Virun allem goufen d’Politiker mat groussen Ouere gemoolt, fir dass si de Kanner besser nolauschtere kënnen.
Allgemeng haten d’Kanner d’Impressioun, datt d’Deputéiert hinnen nogelauschtert hunn:

"Ech hu fonnt, dass eis Iddie gehéiert goufen, well di zwee Politiker wëllen och freides eng Kéier bei eis an d’Schoul kommen, fir mat dem Kannergemengerot eis Punkten ze beschwätzen."

"D’Mandy sot, dass hatt gären de Kanner hir Iddien nolauschtert."

"Et huet mir Spaass gemaach an och eis eege Meenung ze soen an nogelauschtert ze kréien, war flott."

Am Kader vun dësem Projet hunn d’Schüler d’Méiglechkeet ze gesinn, wou d’Gesetzer, déi och si betreffen, gestëmmt ginn. Iwwert dee Wee soll d’Distanz ofgebaut ginn, déi verschidde Kanner zur Politik empfannen.

D’Diskussiounen hunn ausserdeem bewisen, dass verschidde Suergen ëmmer rëm kommen. D’Michèle Schilt, stellvertriedend Direktesch vum Zenter fir politesch Bildung erkläert:

"Et gi Saachen, déi d’Kanner ëmmer rëm opbréngen, wéi zum Beispill Gerechtegkeet. An da stellt een awer och fest, dass Kanner op d’Aktualitéit reagéieren. Wa Krich ass, da schwätzen d’Kanner vill méi dovun, wéi an Zäite wou ebe kee Krich an Europa ass. Si reagéiere mat hire Suergen op dat, wat och de Rescht vun de Leit reagéiert, si maache sech Suergen ëm Sécherheet. Si maache sech Suergen ëm d’Ëmwelt, dat ass wierklech e grousst Thema bei Kanner an der Grondschoul."

Am direkten Austausch kënnen d’Kanner awer hir Suerge mat deenen deelen, déi eppes ënnerhuele kënnen. Verschidde vun deene Punkte solle spéider an der Bildungskommissioun beschwat ginn.

Zum Schluss hunn d’Kanner de Politiker dann nach un d’Häerz geluecht, hir Aarbecht gutt ze maachen. Soss géife si se net méi wielen.