Eng zousätzlech 40 Arméismemberen hunn dëst Joer Ënnerstëtzung gesicht

© Armée luxembourgeoise
An der Arméi schéngt et e gréissere Besoin u psychologeschem Support ze ginn.
Eleng dëst Joer goufe vun der Cellule "opérationnalité mentale" um Härebierg eng 100 Suivie vu Leit gemaach, déi bei der Arméi schaffen. D'Hallschent dovunner waren Zaldoten. Dat sinn eng 40 Dossiere méi wéi nach zejoert, déi vun den zwee Arméi-Psychologinnen traitéiert goufen.
Am Regierungsprogramm ass iwwerdeem virgesinn, fir en zweeten, onofhängege Psycho-Service ze schafen, deen traumatesch Erfarungen, privat Problemer a Konflikter bannent de Famillje vun Arméispersonal soll kënnen opfänken - dat baussent den Dikrecher Kasäremaueren.
Et gëtt dann och ee Fall, wou de psychologeschen Encadrement vun engem Arméismember obligatoresch ass: dat sinn dräi Gespréicher, wann een op eng Missioun geschéckt gëtt, respektiv vun do zeréckkënnt. Dës Prezisioune liwwert d'Defenseministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Liz Braz.