Et ass de “Projet phare” vum Educatiounsminister an dëser Legislaturperiod. Zanter dräi Joer leeft de Projet “Alpha”, deen d’Alphabetiséierung op Franséisch an de Schoulsystem integréiere soll. Aktuell gëtt a véier Schoulen zu Déifferdeng, Diddeleng, Schëffleng an der Fiels getest. D’Zil ass et, de Kanner eng Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch ze erméiglechen an domat d’Inclusioun ze vereinfachen.
Vun 2026 u soll déi franséisch Alphabetiséierung awer op all d’Schoulen erweidert ginn. Fir d’Gewerkschaft vun den Enseignanten, dem SNE, bleiwen hei awer nach vill Froen opstoen. Se fäert Chaos a freet eng Ëmsetzung an Etappen. De President, Patrick Remakel:
“Doduerch, datt de Ministère gemëschte Klasse wëll maache mat Schüler, déi op Däitsch a Franséisch sollen alphabetiséiert ginn, féiert dat zu ville Problemer, wat d’Stonnepläng an d’Schoulorganisatioun ugeet. Dofir soe mir hei ganz kloer: komm mir ginn dovunner ewech a mir fuerderen, datt mer Klasse maachen, déi komplett op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert ginn.”
Et soll de Gemengen iwwerlooss ginn, wéini se eng weider Alphabetiséierung ubidden – fir sécher ze sinn, datt een och prett ass, erkläert de Gewerkschaftler:
“Wann een eng Schoul huet, wou ee fir e Joergang just eng Klass huet mat 16 Kanner an déi sollen op Franséisch an op Däitsch alphabetiséiert ginn, déi musse jo auserneegerappt ginn. Wärend dem Däitschen, Franséischen an der Mathematik. Da brauche mer méi Schoulsäll a mir hunn elo schonn a ville Schoulen net genuch Säll, fir elo ze schaffen.”
Dobäi kéim d’Problematik vum Personal. Stand haut géif een dacks schonn am “Noutfall-Plang” fonctionéieren, heescht et vun der Gewerkschaft. Wa Leit krank si géif ee just schwéier Ersatz kréien. “D’Penurie vun den Enseignanten, d’Penurie vun den Ersatzleit, déi ass esou grouss”, esou de Patrick Remakel. “Mir hunn och nach alleguer déi aner Problematiken. Kanner mat spezifesche Besoinen déi net genuch encadréiert ginn. Wou d’Enseignanten op der Felg fuere well mer do einfach keng uerdentlech Léisunge fannen.”
Et misst een déi aktuell Chantieren op en Enn bréngen, ier een op en neits mat groussen Ëmbauaarbechten ufänkt, esou nach d’Gewerkschaft.