
Géint 05.20 Auer e Samschdeg de Moie fréi ass en Auto op der Collectrice du Sud accidentéiert. Um 09.10 Auer an um 10.20 Auer sinn zu Bieles an tëschent Branebuerg a Weiler all Kéier e Motorad an en Auto anenee gerannt. All Kéier gouf eng Persoun blesséiert.
Ee Blesséierte gouf et dann nach géint 04.15 Auer e Samschdeg de Moien zu Keel an der Diddelenger Strooss. Do ass en Auto an e Poteau gerannt.