An deem Sënn gouf um Krautmaart e Mëttwoch dann och méi iwwer d'Arméi am Allgemengen diskutéiert a wéi een dës opwäerte kann.

Mir brauche keen obligatoresche Militärdéngscht zu Lëtzebuerg. Doriwwer war ee sech haut an der Plenière vun der Chamber parteiiwwergräifend eens. An der Aktualitéitsstonn, déi vun der LSAP ugefrot gouf, hu sech d' Deputéiert all géint eng Obligatioun ausgeschwat an dofir och vill méi iwwert d'Arméi am Allgemengen diskutéiert.

Militärdéngscht an der Chamber - Reportage Claudia Kollwelter

D'Beruffsbild vum Militär misst no baussen opgewäert ginn, gouf puermol an der Chamber betount. Et misst weider investéiert ginn, sot d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, mee dat eleng géif net duergoen: "Mir brauchen och méi Personal. Mir brauche méi Personal an der Arméi, fir d' Waffen ze droen, fir d'Kampfgefierer ze fueren, fir mam A400M ze fléien, fir d' Dronen ze pilotéieren a warscheinlech dann och eng Kéier, wa mer missen a Loftofwier investéieren, och fir déi Maschinnen ze bedéngen."

En obligatoresche Militärdéngscht wier awer keng Léisung, huet d'DP -Ministesch nach eemol ënnerstrach. D'Liz Braz vun der LSAP huet e sougenannte "Skill Mapping" an d'Gespréich bruecht, wou d'zivil Kompetenze vun de Leit festgehale ginn. 
 
"Am Eeschtfall haten d'Autoritéiten dann en Iwwerbléck iwwert déi konkreet Kompetenzen an der Bevëlkerung, fir méi séier a méi geziilt op hir Hëllef kënnen zréckzegräifen."
 
Fir de Marc Baum vun déi Lénk wier awer kloer, datt wa jidderee vu Krich an Oprëschtung schwätzt, mer riskéieren, datt et iergendwann wierklech knuppe wäert. 
 
"Ech sinn net domat d'accord, datt mer all Joer Honnerte Milliounen a Krichsmaterial investéieren, fir eisen Obolus un d'Nato ze verriichten. Wat ech awer nach manner novollzéien an nach manner akzeptéiere kann, ass déi diplomatesch Passivitéit, mat där och Lëtzebuerg dat alles iwwer sech ergoe léisst."
 
D'Yuriko Backes huet iwwerdeems nach annoncéiert, datt en interministeriellen Aarbechtsgrupp wäert zesummekommen, wou all déi concernéiert Acteuren un enger koherenter Strategie fir d'national Sécherheet wäerte schaffen.