Militärdepensë kéinten op dräi Prozent vum RNB klammen
De Luc Frieden huet betount, datt nach näischt decidéiert gouf an d’Zil wier elo emol nach, op zwee Prozent ze klammen.
Ënner Féierung vum Trump ass en neie “Sheriff in Town”, esou den US-Vizepresident JD Vance op der Sécherheetskonferenz zu München. Hien huet d’EU opgeruff, seng eegen Defense ze stäerken, well d’USA sech géingen op aner Menacen op der Welt konzentréieren. Op der selwechter Konferenz huet d’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen och direkt annoncéiert, datt se de Memberstaate méi Scholden wëll erlaben, fir an d’Verdeedegung z’investéieren.
D’EU misst méi selbstbewosst optrieden, esou de Premier Luc Frieden dann nom Regierungsrot. Well Europa hätt net vill Frënn op der Welt: Russland natierlech am Krich mat der Ukrain, China mat eegenen Ambitiounen an d’USA, déi wéilten diktéieren ewéi Europa auszegesinn hätt. De Premier sot Lëtzebuerg misst sech dowéinst “mental drop virbereeden”, datt d’Militärausgabe wäerte an den nächste Jore sech éischter bei 3% vum nationale Räichtum (RNB) wäerte musse leien, ewéi bei den 2%, déi aktuell viséiert ginn.
Och wann nach net konkret gewosst ass, ob a wa jo wéi genee d’USA sech aus Europa géingen zeréckzéien, wier kloer, datt een net méi kéint sech drop verloossen, datt aner Staaten Europa protegéieren. De Luc Frieden huet awer betount, datt d’EU als éischt misst identifizéieren wat an der Defense feelt an da misst nach gekuckt ginn, ob dat alles muss iwwer national Budgeten goen oder eng Interoperabilitéit méiglech wier.
“Rare earth”
All Dag knabbert Russland ukraineschen Territoire of, wou och seelen Äerd, wäertvoll Ressourcen leien. D’USA analyséieren iwwerdeems eng Propos vu Kiew, fir den Amerikaner esou Ressourcen ze garantéieren an en Echange weider Ënnerstëtzung ze kréien. D’Regierung wéisst näischt vun esou Akkorden, ee et stéing fest, datt een hannert der Ukrain géing stoen.
De Luc Frieden ass och op München geflunn. Wäert hien do den ukrainesche President Zelensky oder den US-Vizepresident uschwätzen? De Premier huet awer op säi “kuerzt” Gespréich mam JD Vance op der AI-Konferenz zu Paräis higewisen: De Luc Frieden hätt him hei gesot, datt Lëtzebuerg an d’EU en “traditionellen an historesche Frënd” si vun Amerika, mee och datt ee wéilt d’Wäerter vu Fräiheet op der Welt oprechterhalen. Dann hätt hien och gesot, datt wann et Divergenze gëtt ënner Partner an Alliéierten, da misst een doriwwer schwätzen. An dem Vance seng Äntwert wier gewiescht: “agreed”.
De Luc Frieden sot och nach, datt d’eigentlech Stäerkt vu Lëtzebuerg de Respekt vum internationale Recht a Mutilateralismus wier. Den US-Vizepresident sot zu München dann awer och, datt d’Meenungsfräiheet an der EU géing zeréckgoen an dat eng méi grouss Menace wier ewéi d’russesch Aggressioun op d’Ukrain.
Sozialronn: “eng Façon”
De Luc Frieden huet nom Regierungsrot och matgedeelt, datt et fir d’sougenannt Sozialronn, déi hie no engem Treffe mam OGBL an LCGB Mëtt Januar ugekënnegt hat, nach keen Datum gëtt. Déi Sozialronn wier éischter ewéi “eng Façon” unzegesinn, fir reegelméisseg mat de Gewerkschaften ze schwätzen. No der Fuesvakanz géing hien och zesumme mam Aarbechtsminister d’Gewerkschaften nees gesinn, mee och d’Patronat. De Luc Frieden sot, hie wier iwwerzeegt, datt een zesummen sech iwwert eng Moderniséierung vun de Kollektivverträg géing Eens ginn.
Trounwiessel, Volleksfest, Tour de France a Mudam
Um Regierungsrot goufen dann nach eng Rei Saachen decidéiert: fir den Trounwiessel den 3. Oktober wier de Programm esou: de Grand-Duc Henri wäert Moies am Palais ofdanken a säi Fils de Guillaume am spéide Moien säin Eed ofleeën. Den Dag drop, de 4. Oktober, soll e grouss Volleksfest op 3 oder 4 Plazen am Land organiséiert ginn, wou d’Kulturzeen géing mat agebonne ginn.
Da gouf och de Sportminister beoptraagt, eng offiziell Kandidatur bei den Organisateure vum Tour de France ze stellen, fir am Joer 2028 en Depart hei am Land z’organiséieren. An de Regierungsrot huet nach en neie President vum Verwaltungsrot vum Mudam festgehalen: Dat gëtt de Jean-Paul Olinger, den Direkter vun der Steierverwaltung.