Regierung wëll Start vum Tour de France 2028 zu Lëtzebuerg

2017 war de leschte Passage vum Tour de France zu Lëtzebuerg / © RTL-Archiv
Mat e bësse Chance kéint den Depart vum Tour de France an dräi Joer am Grand-Duche sinn.
De Premier Luc Frieden huet op enger Pressekonferenz nom Regierungsrot e Freideg matgedeelt, et hätt een de Sportminister autoriséiert, eng Kandidatur fir Lëtzebuerg bei den Organisateure vum Tour de France ze stellen, fir dësen am Joer 2028 vu Lëtzebuerg aus starten ze loossen.
D'Decisioun géif awer letztendlech vum TdF-Kommitee geholl ginn.
E Start vum Tour de France am Grand-Duché hätt eng besonnesch symbolesch Bedeitung. An dräi Joer ass et genee 100 Joer hier, datt de Lëtzebuerger Nicolas Frantz den Tour de France eng zweete Kéier gewonnen huet. 1958 hat iwwerdeems de Lëtzebuerger Charly Gaul de Gielen Trikot geholl, also virun da genee 70 Joer.