Den 3. Oktober 2025 ass den offiziellen Datum vum Trounwiessel um Haff.

De Premier Luc Frieden huet e Freideg um Pressebriefing nom Regierungsrot éischt Detailer vum Trounwiessel bekannt ginn. Et wäert esou sinn, datt den 3. Oktober de Grand-Duc Henri fir d'éischt am Palais wäert ofdanken an duerno wäert dann den Ierfgroussherzog Guillaume am spéide Moien an der Chamber virun de Vertrieder vun eisem Land den Eed ofleeën, sou de Lëtzebuerger Premier. Fir samschdes wier dann e grousst Volleksfest geplangt, mat ville kulturellen Evenementer op verschiddene Plazen am Land. Op wéi enge Plaze genee dat wäert sinn, dat géing nach gekuckt ginn, sou de Luc Frieden.

Da gouf och decidéiert, datt et keen Extra-Feierdag fir den Trounwiessel wäert ginn. Et wéilt een, datt d'Leit deen Dag am Land sinn a mat feieren, an net fir e verlängerte Weekend an d'Ausland reesen.

A senger Chrëschtusprooch 2024 hat de Grand-Duc Henri zesumme mat der Grande-Duchesse Maria Teresa matgedeelt, dass de Lieutenant-Représentant Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie den 3. Oktober dëst Joer hir Successioun wäerten iwwerhuelen.