Unesco Global Geopark MëllerdallD'Steekaul, ee vun 22 Geotopen

RTL Lëtzebuerg
An der Steekaul hu fréier vill Männer hiert Brout verdéngt. Dausende Kubikmeter Steng goufe wärend ville Joerzéngten hei zu Beefort ofgebaut.
Unesco Global Geopark Mëllerdall - D'Steekaul, ee vun 22 Geotopen
An der Steekaul hu fréier vill Männer hiert Brout verdéngt. Dausende Kubikmeter Steng goufe wärend ville Joerzéngten hei zu Beefort ofgebaut.

D’Steekaul zu Beefort ass eng vun den 22 Geotope vum Unesco Global Geopark Mëllerdall. Tëscht 1835 a Mëtt de 70er Jore vum leschte Joerhonnert goufen hei Steng ofgebaut. Dëse Sandstee gouf regional a lokal genotzt. Et war awer net einfach, d’Steng aus dëser Carrière zu Beefort erof op de Grondhaff ze transportéieren. E speziellen Zuch huet des Aarbecht iwwerholl.

Nodeems net méi an der Steekaul geschafft gouf, hat sech d’Natur alles zréckgeholl. Mat Beem a soss Straicher war d’Plaz op eemol zougewuess an net méi zougänglech. Mëttlerweil huet dat geännert.

Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Op de Spuere vun der Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Flott Ausstellung zu Beefort
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - En Tour duerch de Musée Henri Tudor
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Natur a Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Ënnerwee an de belschen Ardennen

Back to Top
CIM LOGO