1.290 Quadratkilometer grouss ass den Unesco Global Geopark Vulkaneifel. D’Regioun ass fir seng Maare bekannt. Dat ass kee Séi, mee e Vulkan. 77 Maare ginn et hei am Geopark. 12 dovunner si mat Waasser gefëllt.
Zu Ulmen kann een e flotte Wandertour duerch dëse Geopark maachen an et kritt een e flotten Abléck an d’Geologie vun dëser Regioun heivir an Däitschland.
Den Unesco Global Geopark Vulkaneifel ass eng 90 Minutte vu Lëtzebuerg ewech.
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Op de Spuere vun der Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Flott Ausstellung zu Beefort
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - D’Steekaul, ee vun 22 Geotopen
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - En Tour duerch de Musée Henri Tudor
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Ënnerwee an de belschen Ardennen