Et géif ëm d'Zukunft vun Europa goen, esou de lëtzebuergesche Premier, deen e Samschdeg live op der Tëlee op den Eclat zu Washington reagéiert huet.

"D'Ukrain ass iwwerfall ginn a wann een déi Biller gekuckt huet, da konnt een d'Impressioun kréien, datt d'Ukrain eppes Falsches gemaach hätt", mee si wier virun dräi Joer brutal iwwerfall ginn – "esou wéi mir am Zweete Weltkrich vun Nazi-Däitschland".

Esou beschreift de Premier Luc Frieden, wat e Freideg zu Washington bei der Entrevue tëscht dem amerikanesche President Trump a sengem Vize Vance op där enger an dem ukrainesche President Selenskyj op där anerer Säit am Oval Office geschitt ass.

Tréinen a Schock

Den Inneminister Léon Gloden hat e Samschdeg de Mëtteg am RTL-Background gesot, hien hätt bal Tréinen an den Ae gehat, wéi en den Eclat am Wäissen Haus gesinn huet. Dozou de Luc Frieden:

"Bei mir waren se net bal an den Aen, se waren do. Ech war wéi vill Lëtzebuerger schockéiert. Ech war perturbéiert, well et bewisen huet, datt mer an engem ganz grave Moment vun der Geschicht vun Europa liewen a vun den transatlantesche Relatiounen. Ech hunn dat direkt gespuert. Ech hunn och direkt mam Ausseminister telefonéiert an och mat auslännesche Kolleege Kontakt opgeholl."

E bësse berouegt hätt de Premier dunn awer d'Geschlossenheet vun den europäesche Staats- a Regierungscheffen, well "quasi all d'europäesch Regierungscheffen an deene Minutten duerno en Tweet oder sech anescht ausgedréckt hunn, fir dem President Selenskyj ze soen: Mir stinn op der Säit vun der Ukrain, well d'Ukrain ass iwwerfall ginn".

Fir de Premier ass dann och evident, datt een op der Säit vun der Ukrain misst stoen: Et géif an deem Konflikt ëm eis Sécherheet an ëm d'Prinzippie vum internationale Recht goen. Hien hätt dem President Selenskyj dofir och nach e perséinleche Message vu Solidaritéit geschéckt.

Sämtlech Parteien aus dem Parlament invitéiert

E gemeinsaamt Virgoen ass dem Luc Frieden international an och national ganz wichteg, dofir wëll en och op d'Oppositioun duergoen: "Hei ass ee Moment, wou mer musse gemeinsam, net nëmmen iwwert déi nächst zwee, dräi Joer, net nëmmen iwwert déi kuerzfristeg Problemer schwätzen, mee wéi mir d'Sécherheet vun eisem Land a vun eisem Kontinent gesinn. An duerfir wëll ech déi Gespréicher och mat der Oppositioun an deenen nächsten Deeg féieren."

RTL

Iwwer d'Ukrain an déi international Zesummenaarbecht: den RTL-Journalist Sascha Georges (riets) am Gespréich mam Premier Luc Frieden.

An den nächsten Deeg solle sämtlech Parteien, déi am Parlament vertruede sinn, op e Gespréich invitéiert ginn. Et misst een elo zesummestoen – zesummestoen, fir der Ukrain ze hëllefen a fir an eis Verdeedegung ze investéieren.

Dat hei wier nämlech en historesche Moment, esou nach de Premier: "Et ass d'Stonn vun Europa, wou mer musse weisen, datt mer geschlosse fir eise Wuelstand, eis Fräiheet an eis Sécherheet kënne kämpfen."

Historesche Partner op der Kipp?

Am RTL-Interview huet de Luc Frieden direkt e puer Mol betount, wéi wichteg et wier, d'Unitéit fir d'internationaalt Recht bäizebehalen: "Wann d'Amerikaner sech do op d'Säit vu Russland géife schloen, dat wär eng Katastroph fir d'Welt an och ganz schlecht fir Amerika."

Amerika wier eisen historesche Partner. "Mir hunn den Amerikaner eis Fräiheet ze verdanken. Mir stounge virun e puer Méint zesummen zu Hamm. Dat dierf een ni vergiessen." D'Amerikaner géifen als amerikanescht Vollek ganz vill Wäerter mat eis deelen. Se wieren e ganz wichtegen Handelspartner an och eisen Alliéierten an der Nato.

Wann de Putin gewënnt ... Gefor fir Europa

Trotzdeem misst Europa reagéieren, "fir ganz schnell, ganz staark eis eege Verteidegung ze stäerken, fir kënnen d'Ukrain ze ënnerstëtzen. A fir kënnen och duerno eise ganze Kontinent, d'Polen, d'Baltesch Staaten, mee och eis ze verteidegen."

RTL

E ganz eeschte Premierminister war e Samschdeg den Owend Invité am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Den Ukrainkrich hätt nämlech eppes bewisen: "Mir mussen industriell, ekonomesch, energeetesch, defenseméisseg méi onofhängeg ginn, méi staark ginn."

De Luc Frieden mécht sech nämlech keng Illusiounen: "Wann de Putin an der Ukrain gewënnt oder wann e gewise kritt, datt et net esou schlëmm war, da fiert e weider an duerfir ass Russland eng richteg Gefor fir Europa."

Eng Analys vum Eclat am Wäissen Haus
Den ukrainesche President Selenskyj ass am Oval Office an eng Fal geroden.