E Samschdeg war den CSV-Inneminister Léon Gloden eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

“Ech hat bal Tréinen an den Aen”, esou kommentéiert de Léon Gloden de Sträit tëscht dem US-amerikanesche President Trump a sengem ukraineschen Homolog Selenskyj e Freideg den Owend zu Washington. Den Inneminister war e Samschdeg Invité an eiser Emissioun Background. Europa wier elo gefuerdert, seng strategesch Interesse selwer wouerzehuelen.

De Resumé vum Background mam Léon Gloden

Ugeschwat dorop, ob et wierklech ganz gescheit war, direkt mam Heescheverbuet unzerappen, huet sech den Inneminister verdeedegt. “Ech hätt déi Decisioun och haut nach eng Kéier geholl”, esou de Léon Gloden. Bei der Kommunikatioun wier awer nach Loft no uewe gewiescht.
 
Déi politesch Entwécklung an den Nopeschlänner géing him Suerge maachen. Op ville Plaze géinge rietspopulistesch oder esouguer rietsextrem Parteien eng wichteg Roll spillen a wieren esouguer deels Deel vun der Regierung. Datt zu Lëtzebuerg déi politesch Mëtt méi staark ass, géing ënnert anerem un enger geziilter Sozialpolitik leien, déi bei deenen ukéim, déi se bräichten. Datt een net jiddereen zu Lëtzebuerg ophëlt, wier keng autoritär Politik, wéi deels vun der Oppositioun reprochéiert, mee eng mat Häerz a Verstand.
 
Datt zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit d’Demokratie méi kritesch gesinn, géing him Suerge maachen. Et misst ee weisen, datt och Demokratien handlungsfäeg sinn an op d’Problemer vun de Leit aginn. Et misst een d’Leit zudeem bei ganz konkrete Projeten abannen, zum Beispill bei der Gestaltung vun den Uertschaften.
 
Wat d’Sécherheetsgefill ugeet, misst een engersäits d’Fakte kucken anerersäits awer och mat de Leit schwätzen. Hien hätt den Androck, hei wier d’Oppositioun ze theoretesch ënnerwee. Mat Bléck op de Stater Garer Quartier wier et leider esou, datt d’Kriminalitéit zougeholl huet. Dowéinst hätt hien en Drogendësch 2.0 an d’Liewe geruff. Et wier een am gaangen, u konkrete Léisungen ze schaffen. D’Police wier een Deel dovunner, mee net déi eenzeg Léisung. Et hätt een d’Zuel vun de Patrullen awer an d’Luucht gesat, och wann een déi deels net erkenne géing, well se zivil ënnerwee sinn.
 
Eng aner Pist kéint de SAMU-social sinn. Dësen offréiert Sans-Abrisen a Mënschen a sozialer Nout eng ambulant medezinesch Betreiung.
 
Aktuell gëtt un engem erweiderte Platzverweis geschafft. E soll dräi weider Zenarioen ëmfaassen, wa Leit sech op ëffentleche Plazen donieft behuelen, bei roude Luuchten heeschen oder aner Leit um Trottoire belästegen. Hie wier zwar net mat der juristescher Aschätzung vum Staatsrot, dee sechs Oppositions formelles formuléiert hat, d’accord, mee dee Problem kéint ee léisen.
 
Ugeschwat dorobber, datt zu Ettelbréck zanter e puer Méint eng privat Sécherheetsfirma patrulléiert, huet de Léon Gloden geäntwert, datt de Policebüro an e puer Méint ausgebaut gëtt. Den LSAP-Buergermeeschter géing him och Recht ginn, genee wéi dee vun Diddeleng.
 
Aktuell lafen an der Stad an zu Esch zwee Pilotprojete vun enger Lokalpolice. Mëtt des Joers wäert an der Regioun Museldallee weidere Projet am méi ländleche Raum starten. Am Moment wieren 80 Prozent vun der Policeaarbecht repressiv an 20 Prozent preventiv. Dat Verhältnis wéilt hien ëmdréinen, d’Leit sollten d’Police wéi ee gudden Noper gesinn. Enn des Joers soll dann och eng nei, méi faarweg Policeuniform presentéiert ginn. Nach virdru wäerte Body-Cams kommen.
 
D’Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg géing hie ganz kritesch gesinn, well se d’Liewensqualitéit vun de Pendler negativ beaflosse géingen. Hien hätt esouwuel Däitschland wéi och Frankräich proposéiert, jee ee bilaterale Kontrakt ofzeschléissen, fir den Ëmgank mat Leit, déi zeréckgewise ginn, ze reegelen. Datt Lëtzebuerg eng Plainte géint d’Grenzkontrolle gemaach huet, hätt esouwuel bei Däitschland wéi och der EU-Kommissioun Androck hannerlooss.

Politik "aus der Träip eraus"

Et gouf och iwwert d’Immigratioun geschwat. De Léon Gloden plädéiert dofir, datt d’Europäesch Unioun hir Baussegrenze besser schütze muss. Et misst een déi Leit, déi kee Bleiwerecht hunn, och méi séier zeréckschécken. Do wier een zu Lëtzebuerg schonn um richtege Wee. D’Zuel hätt sech vun 278 bal op 450 verduebelt.
 
Wat Leit aus Syrien ugeet, géing een déi Dossieren aktuell net traitéieren, well aktuell net kloer wier, wéi d’Sécherheetslag an deem Land ass. Wann een d’Dossieren elo kucke géing, misst ee se bei deene Leit, déi virum Assad-Regime geflücht sinn, streng geholl rejetéieren. D’Zuel vun de Flüchtlingen aus Afghanistan wier iwwerdeems massiv op grad emol 49 d’lescht Joer erofgaangen.
 
De Léon Gloden plädéiert net dofir, Leit an hiert Land zeréckzeschécken, well een “zwou Fläschen an engem Supermarché klaut”. Bei méi schlëmmen Doten, zum Beispill enger Messerpickerei, géing et déi Méiglechkeet scho ginn. Et wier awer net ëmmer ganz evident, déi Leit dann och effektiv an dat Land zeréckzeschécken. Um Niveau vun der EU-Kommissioun géing et dowéinst Iwwerleeunge ginn, fir iwwert Drëttstaaten ze fueren.

Wat d’Sécherheetsgefill ugeet, misst een engersäits d’Fakte kucken anerersäits awer och mat de Leit schwätzen. "Politik ass och, an dat soen ech provokativ, aus der Träip eraus", esou de Léon Gloden. Hien hätt den Androck, hei wier d’Oppositioun ze theoretesch ënnerwee.

De Background am Gespréich mam Léon Gloden

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.