LCGB: "Dat geet net, dass een iwwert eng Delegatioun hierfält"
© Domingos Oliveira
Rezent kruten déi ronn 160 Leit, déi fir d'ASBL schaffen, via Schreiwes matgedeelt, datt et Retarden an der Ausbezuelung vun hire Paie ginn.
"De Sozialdialog ass an der Reegel zéi!". Dat seet d'Céline Conter vum LCGB iwwer d'Relatioun tëscht der Delegatioun an der Direktioun vun den Internater "Jacques Brocquart". Rezent kruten déi ronn 160 Leit, déi fir d'ASBL schaffen, via Schreiwes matgedeelt, datt et Retarden an der Ausbezuelung vun hire Paie ginn. An dat net fir d'éischte Kéier.
7 Internater zielt "Jacques Brocquart", en 8. Site gëtt aktuell zu Péiteng gebaut. Déi falen ënner d'Tutelle vum Educatiounsministère. All Joers muss eng Konventioun tëscht dem Gestionnaire am Ministère ënnerschriwwe ginn, fir datt d'Fongen deblockéiert ginn. Ma do goufen et Problemer a lescht Woch kruten déi ronn 160 Mataarbechter vun den Internater vun der Direktioun e Bréif, an deem stoung, datt et Retarde beim Ministère goufen an d'Paien deemno net wéi virgesi konnten ausbezuelt ginn.
Wéi mer vum Educatiounsministère schrëftlech matgedeelt kruten, hätt d'ASBL d'Konventioun Enn Januar nach eemol wollten adaptéieren a schlussendlech eréischt den 12. Februar zréckgeschéckt. Wéinst der Fuesvakanz wier den Dossier dunn eréischt an der leschter Woch Februar fäerdeggestallt an d'Finanzprozedur ageleet ginn. D'Paie goufen antëscht bezuelt. Ma kloer ass, datt et e Kommunikatiounsproblem gëtt. Vu Säite vun der Direktioun vu Jacques Brocquart war et net méiglech, eng Reaktioun oder Äntwerten ze kréien. Och mat der Delegatioun géifen et Schwieregkeete ginn, confirméiert d'Céline Conter vum LCGB, déi sech net erkläre kann, wéi et souwäit komme konnt:
"Am Fall vun engem normale Sozialdialog hätt eng Direktioun kënne proaktiv enger Delegatioun matdeelen: Mir kréien e Problem, mir versichen alles ze maachen, datt et an d'Rei geet. An dat ass dës Kéier net richteg geschitt. An dat geet net, well et geet hei ëm e sensibelt Thema. An et weess een net, wat hannendrun hänkt. Geet et just ëm dëse Mount? Wat ass d'Zukunft?"
Wat dem Céline Conter dann am ganzen Dossier am mannste gefält, wier, datt d'Direktioun géif versichen, d'Delegatioun an d'Responsabilitéit ze zéien:
"Ech weess, dass d'Delegatioun e Bréif, e klenge Bréif, un de Ministère gemaach huet, well si si wierklech schlecht drun, mir hunn dat elo och als LCGB gefrot, well ech hätt gären tatsächlech méi Explikatiounen a wat do wierklech lass ass. Dat heiten ass eng Saach, dat ass d'Management vun den Internats Jacques Brocquart, déi mussen hir Aarbecht maachen, dat geet net, dass een iwwert eng Delegatioun hierfält oder déi nach ënner Drock setzt a seet: 'Dir hutt net genuch gemaach'. Well et ass dat, wat geschitt ass. Ech muss soen: Dat ass en No-Go!"
Dat wier inacceptabel, esou nach d'Celine Conter vum LCGB, déi déi lescht Woch permanent am Echange mat de 7 Delegéierte war. Et wier awer nach ëmmer Klärungsbedarf do an dofir ass och elo e Mëttwoch eng Reunioun tëscht der Direktioun an der Delegatioun mat der Gewerkschaft geplangt. Vun der Direktioun war et wéi gesot bis elo net méiglech, eng Stellungnam ze kréien. En Dossier, an deem also nach eng Partie Froen opstinn.
Mir wäerten no der Reunioun vun e Mëttwoch dann nach emol op de Sujet ze schwätze kommen.