FC Red Star Märel reagéiert: "Mir acceptéiere keng Form vu Gewalt"

Leschte Samschdeg koum et bei engem Futtballmatch vun de Minimmen (U13-Bouwen) tëscht dem Red Star Märel a Rëmeleng zu Handgräiflechkeeten.
D’Police hat RTL en Dënschdeg confirméiert, datt se wéinst enger Aggressioun geruff gi wär.
De Red Star reagéiert e Mëttwoch an engem Schreiwes a schwätzt vun "incidents regretables" nom Match. D’Situatioun wär chaotesch gewiescht. Rëmeleng seet, datt op d’mannst ee Papp vun engem Jugendspiller vu Märel handgräiflech gi wär an e puer Spiller geschloen hätt. Rëmeleng hätt och eng Plainte bei der Police gemaach.
De Red Star Märel bedauert zudéifst, wat virgefall ass, well Gewalt hätt op engem Futtballterrain näischt verluer. An dat scho guer net, wa Kanner involvéiert wären. De Veräi wëll alles maachen a kooperéieren, fir dat Ganzt opzeklären. Ëffentlech géif ee sech aktuell net äusseren, well villes nach onkloer wär a scho vill Informatiounen zirkuléieren, déi net konnten nogewise ginn.
An der Tëschenzäit wëll de Red Star Märel seng Traineren, déi fräiwëlleg Arbitteren, déi Offiziell an d’Eltere besser encadréieren. Bei der Futtballfederatioun wëll een intervenéieren, fir datt d’Roll vun den eenzelen Acteuren, wéi zum Beispill den Arbitteren, präziséiert gëtt. Dat Pedagogescht an der Ausbildung vun den Trainere bei der FLF soll och verstäerkt ginn, fuerdert den FC Red Star Merl.