E Samschdeg um 14.30 Auer hunn d’U13 vum Red Star Märel géint d'US Rëmeleng gespillt. E Papp soll op d'mannst ee Jugendspiller aggresséiert hunn.

Dat krut RTL och op Nofro vun der Police confirméiert.

Op Facebook huet sech den éischte Schäffe vun der Gemeng Rëmeleng, Elvedin Muhovic zum Virfall geäussert an ënnert anerem geschriwwen: "Op wéi engem Planéit liewe mir!? Wéi ka sou eppes geschéien?! Amplaz mam richtege Beispill virzegoen! Fir de Pap gëllt keng Toleranz an ech hoffe ganz staark, dass et do zu den noutwendege Konsequenze kënnt!"
 

D'Police krut géint 16.05 Auer eng Kläpperei tëschent méi Persoune gemellt. Op der Plaz kruten d'Beamte gesot, dass wuel e Spiller gerippt gouf an dunn de Papp op den Terrain gelaf wier, esou de Pressebüro vun der Police. De Spiller wier aggresséiert ginn. D'Eltere vum Betraffene kruten e Rendez-vous bei der Police, fir Plainte ze deposéieren. Och aner Aenzeie missen nach aussoen, fir e komplett Bild ze kréien, esou d'Police.

An engem Artikel vum Tageblatt kommen all déi Concernéiert zu Wuert. Den FLF-President Paul Philipp sot der Zeitung, dass een et sech och kéint einfach maachen a vun engem Gesellschaftsproblem schwätzen. D’Fro wier och, wéi een dee Richtege géif bestrofen. Wann een an dësem Fall d’Kanner géif bestrofen, géif ee riskéieren déi falsch ze bestrofen, esou de Paul Philipp.

RTL

De Match war e Samschdeg um 14.30 Auer zu Märel ugepaff ginn. / © Pierre Weimerskirch