De chineeseschen Aktionär Legend Holdings soll Goldman Sachs gefrot hunn, e Keefer ze fannen. Wat dat alles fir d’Bank vun der Escher Strooss bedeit a wat op se duerkënnt, erkläert eisen RTL-Finanzexpert Claude Arend.
Et ass eppes ganz Normales, wann een Aktionär eng Participatioun wëllt verkafen. Legend ass Lenovo Computer, Legend ass Liewensmëttel, Legend ass Venture Capital, Private Equity a Chimie. Awer Legend ass kee Grupp, fir deen eng Bank eng strategesch Participatioun ass. Och wann dat 2017, wéi Legend 90% vum Kapital vun der BIL vu Precision Capital aus dem Katar kaaft huet, nach anescht geklongen huet. Well deemools war nach vun engem “spannende längerfristege strategeschem Investment” rieds.
8 Joer méi spéit schéngt dat net ganz opgaangen ze sinn, dat längerfristeg strategescht Investment. Well déi Rumeur, datt d’BIL zum Verkaf steet, ass op der Finanzplaz net eréischt zanter de leschte Freiden zirkuléiert. D’Rechnung vun der Legend Holding ass net ganz opgaangen. An dofir soll elo e Schlussstréch gezu ginn. D’BIL ass ouni Zweiwel eng wichteg Bank op der Lëtzebuerger Finanzplaz. Awer d’Fro muss erlaabt sinn, wat e grousse chineeseschen Technologiegigant mat enger wichteger Bank am klenge Lëtzebuerg mécht. Well ënnert de groussen internationale Finanzgruppen ass d’BIL, och no 8 Joer mat engem chineeseschen Aktionär, nach ëmmer en David ënnert de villen Goliathen.

Also ass d’Rechnung fir d’Chinesen net opgaangen. Wann et ëm eng international Dimensioun fir d’BIL gaangen ass, sécher net. Wann et ëm eng Diversifikatioun vum Grupp gaangen ass, wuel éischter och net. Well d’BIL ass de klengste Beräich vun der Legend Holding. Wann et drëm gaangen ass, iwwerschësseg Kapital am Ausland ze investéieren, warscheinlech och net. Well de “cours de change” vum RMB zum EUR huet sech zanter 2017 praktesch net verännert. An de leschten 2 Joer huet d’BIL fir 78 Milliounen Dividenden ausgeschott. Net wierklech vill fir en Invest vun 1,5 Milliarden. Ob d’Rechnung opgeet, wësse mer, wann e Keefer fonnt gëtt.
Dee soll, sou war ze liesen, tëscht 2,5 an 3 Milliarde mussen op den Dësch bliederen. Dat wier awer bësse vill, mengt de Claude Arend. Mat engem Benefice vun 202 Milliounen am Joer 2023, no 153 Milliounen an 135 Milliounen déi Jore virdrun, schéngt him eng Valorisatioun vun 2,5 bis 3 Milliarden net realistesch ze sinn. Vläicht ka Goldman Sachs jo zauberen.
Mussen d’Clientë vun der BIL sech an den nächste Méint Gedanke maachen?
Ganz sécher net. Warscheinlech kënne se mat engem grousse Bankegrupp als Haaptaktionär bei der BIL nach besser schlofe wéi mat engem chineeseschen Technologiegigant. Do muss kee sech Gedanke maachen. A Suergen doudsécher och net.
D’Regierung gedenkt net, d’Parte vum Staat (9,9%) bei der BIL ze verkafen. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth op Nofro hin um Bord vun enger Pressekonferenz e Méindeg deklaréiert. Datt den Haaptaktionär, d’chineesesch Legend Holding, hir ronn 90% wëll verkafen, wollt oder konnt hien net weider kommentéieren. Aus rechtlechen, mee och prinzipielle Grënn. Hien huet et nämlech weider als “Rumeur” bezeechent.
Allerdéngs sot de Finanzminister nach, datt d’Regierung alles géing maachen, fir datt d’BIL weider kann op der Finanzplaz “floréieren”, also “bléien”.