An der Nuecht op e SamschdegKläppereie mat Blesséierten an zwee Fäll vun haislecher Gewalt

RTL Lëtzebuerg
D’Police hat an der Nuecht op e Samschdeg e puer Asätz wéinst Kläppereie respektiv haislecher Gewalt.
© Police (Archiv)

An engem Etablissement zu Rëmeleng waren eng Partie Leit uneneegeroden. Dräi Persoune goufen dobäi blesséiert a koume fir eng Kontroll an d’Spidol.

Géint 2 Auer e Samschdeg de Moie gouf et dann eng Kläpperei a Clausen an der Stad. Hei gouf eng Persoun liicht verwonnt. Well déi Bedeelegt all ze vill gedronk haten, konnt kee vun hinnen der Police genee erklären, wat passéiert war. Da gouf et och nach eng Kläpperei bei de Rives de Clausen, well eng Partie Persounen net an een Etablissement gelooss goufen.

Op der Theaterplaz an der Stad waren e puer Sans-abrien uneneegeroden. Eng Plainte gouf gemaach.

Haislech Gewalt zu Mamer an zu Rëmeleng

Gemellt krut d’Police dann och zwee Fäll vun haislecher Gewalt, eng Kéier zu Mamer an eng Kéier zu Rëmeleng. A béide Fäll huet de Parquet en Hausverbuet ordonéiert.

Dräi Persounen am Arrest

Da sinn nach dräi Persounen am Arrest gelant. Dat war eng Kéier géint 18 Auer e Freideg den Owend an der Stad de Fall. De Mann huet Passante belästegt an ass der Opfuerderung vun de Beamten, fir d’Plaz ze verloossen, net nokomm. Well de Mann alkoholiséiert war an eng Stéierung fir d’ëffentlech Uerdnung war, ass hien an den Arrest komm.

Zu Menster hat e Freideg am Nomëtteg e Mann seng Kleeder op engem Feldwee verstreet. Hien huet sech duerch d’Beamten net berouege gelooss a koum an den Arrest.

An da koum nach eng Persoun an den Arrest, déi e Freideg am Nomëtteg zu Iechternach bei engem Supermarché ënner Alkoholafloss gejaut huet.

Back to Top
CIM LOGO