E Freideg den Owend ass e grousse musikalesche Rendez-vous am Centre multifonctionnel CELO zu Hesper.

A Presenz vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel stellt d'Militärmusek ënner der Direktioun vum Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun e Freideg den Owend déi siwen ausgewielt Märsch vir, déi beim Kompositiounsconcours vun de "Frënn vun der Militärmusek" zeréckbehale goufen.

De Public an och e Jury kréien d'Méiglechkeet, fir hire Favorit ze wielen.

D’Resultat gëtt um Freideg den Owend bekannt ginn - an Dir kënnt d'Finall vun 19.30 Auer un am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Um Enn gëtt nach emol d'Gewënnerkompositioun "Marche Grand-Duc Guillaume" gespillt.