Um Site tëscht dem Spidol an dem Rond-Point Serra stinn elo 3 nei Gebaier. Dat neistent ass de Lëtzebuerger Siège.

Um Donneschdeg huet de Grand-Duc Henri dat neit Gebai feierlech inauguréiert. Am neie Siège schaffen elo ronn 1.100 Leit. D'Gebai huet 8 Stäck an eng Surface vun 18.500 Meterkaree. 
 
eKinox, oKsigen a seKoia heeschen déi 3 Gebaier vun BGL BNP Paribas um Site Kierchbierg, woubäi seKoia datt neistent ass. Déi dräi Bürosgebaier sinn ënnerierdesch matenee verbonnen an deele sech natierlech och de Bausseberäich.
 
Deen ale Siège direkt niewendrun gouf an den Nonzeger Jore gebaut gouf an der Tëscht verkaf. Just ee Service vun der Bank ass nach net erausgeplënnert.