D'Spärungen zéie sech vun e Freideg de Moie 7 Auer bis mëttes 15 Auer.

Wéinst dem Start vun der 3. Etapp vum Tour de Luxembourg, sinn e Freideg den 19. September 2025 eng Partie Stroossen a Parkingen zu Mäertert fir den Trafic gespaart, dat vu 7-15 Auer. Hei geet et jo iwwer 170,5 Kilometer bis op Veianen.

Betraff sinn hei d'Rue du Parc, d'Cité Pierre Frieden an d'Place de la Gare, déi komplett wéinst dem Départ hei wäerte gespaart sinn. Vun de Parkingen hier sinn de grousse Parking P&R an der Entrée vu Mäertert, de Parking Place de la Gare, d'Parkingen an der Rue du Parc, de Parking beim Futtballterrain an de Parking vum Centre culturel.

RTL

An deem Kader wäert et dann och zu Waasserbëlleg zu Restriktioune kommen, dat wat d'Parke betrëfft: D'Esplanade bei der Musel ass et hei op 50 Meter verbueden ze parken an an der Rue du Bocksberg.

Vun offizieller Säit gëtt geroden, alternativ Strecken deen Dag ze notzen, sou dass Stau an aner Perturbatioune wa méiglech miniméiert kënne ginn. Leit déi hiren Auto an der Géigend wëllen notzen, solle scho virun 8 Auer de betraffe Stroosse verloossen.

Hei kann een nach eemol all d'Spärungen am Detail am Schreiwes vun der Gemeng Mäertert noliesen.