Wéi bleiwe mir um Kurs, wann de Géigewand ëmmer méi staark gëtt?

An enger Zäit vu Krisen ass et entscheedend net zeréck-, mee konsequent no Vir ze goen. De Retour op „Business as usual“ ass keng Optioun – weder wirtschaftlech nach gesellschaftlech. Wéi eng Kräfte sinn am Spill? Wéi eng Form vu Leadership brauche mir an den Entreprisen? A wéi kann all eenzelne vu sech konkret an senger Impaktsphär handelen?

Um Luxembourg Sustainability Forum diskutéiere genee iwwer des Froen um Denschten am Groussen Theater renomméiert national an international Experten. Dir kënnt de ganze Forum bei eis am Livestream vun 13 Auer u live suivéieren.