Police warnt
Presuméiert Abriecher am Raum Angelsbierg ënnerwee
No engem versichten Abroch am Raum Angelsbierg sicht d'Police elo no zwou bis dräi Persounen, déi hei op er Flucht sinn.
Wéi et am Policebulletin heescht, hätten d'Persounen Joggingsboxen un. D'Sich no hinne leeft an d'Police réit den Automobilisten, keng Leit matzehuelen.
Wie verdächteg Persounen an der Géigend Miersch/Angelsbierg gesäit, soll dat um 113 mellen.
Am meeschte gelies