Zu Lëtzebuerg dierfen elo scho Waffe produzéiert ginn
© Jeannot Ries
"Eis Demokratie verdeedegt sech net vum selwen...", dat sot d'Ministesch fir d'Defense Yuriko Backes e Méindegowend um offizielle Lancement vu LuxDefence.
Et handelt sech ëm eng ASBL, déi d'Chambre de Commerce zesumme mat Betriber gegrënnt huet, déi an de Secteure vun der Verdeedegung, der Sécherheet, der Technologie an dem Dual-Use aktiv sinn. Esou nennt ee Gidder, déi fir zivil, mä och fir militäresch Zwecker kënne genotzt ginn.
Déi Responsabel sinn houfreg, well elo schonn hätt d'ASBL vill Succès.
Aktuell sinn iwwer 80 Betriber Member an der Associatioun vun engen 110 Stéck, déi géifen a Fro kommen. D'Efforten, déi am Grand-Duché gemaach ginn, falen och am Ausland op. Do wiere se impressionéiert, wat Lëtzebuerg mécht.
Den André Wilmes, de President vu LuxDefence:
"Ech kréien Telefonen aus dem Ausland, wou d'Leit soen, ma mince, dir maacht do relativ gutt Aarbecht, relativ séier. An de Fakt haut den Owend ass, dass aacht, néng Ambassadeuren hei sinn. Mir hu Representante vu grousse Firmen aus dem Ausland, déi hei nach komm sinn. Mir hu Leit, déi si carrement aus Italien erop geflunn, fir den Owend hei kënne mat dobäi ze sinn. Also dat sprécht sech och am Ausland erëm, dass een hei op där Plattform kann international Collaboratiounen op d'Been setzen."
An am Ausland gëtt et Intressi u Partenariater, confirméiert de Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen. Schliisslech wier Lëtzebuerg, normalerweis, d'Land vun de kuerze Weeër, e Land mat vill Expertise, Kompetenz an dem néidege Finanzement.
Et géif also e risegt Potenzial, de Kontakt mat der Regierung, der Direktioun vun der Defense a mat Luxinnovation wier och gutt. Dat Eenzegt, wat séier gebraucht géif, wier en iwwerschaffte Waffegesetz. Léiwer gëschter wéi eréischt haut.
"Eis geet et ni séier genuch, mer wësse just, datt dat Gesetz net kompatibel am Moment ass mam Export vun esou Material. Waffen oder änlech esou Devisen, déi kéinten do benotzt ginn an dofir muss dat ganz, ganz schnell geännert ginn, well dat ass natierlech en Hindernis souwuel fir Lëtzebuerger Betriber, déi elo scho kéinten exportéieren oder Partenariater maache mam Ausland. An et ass awer och, mengen ech, en Hindernis fir auslännesch Investisseuren, déi wëllen heihinner kommen an deem Gebitt an da gesinn hei, do ass awer nach e Gesetz, dat ass net grad kompatibel an dofir muss dat ganz schnell geännert ginn."
Esou e Gesetz ass an der Maach, seet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an iwwerrascht anengems mat der Ausso, datt zu Lëtzebuerg elo scho Waffen dierfe produzéiert ginn.
"D'Situatioun ass esou, dass mer do eng Analys gemaach hunn an der Regierung. Dat heescht, d'Waffeproduktioun ass net verbueden zu Lëtzebuerg. Wat net verbueden ass, ass erlaabt. Dat heescht, haut gëtt et do eng gewësse Flexibilitéit. Mir wëllen allerdéngs e legale Kader kreéieren, dass och Entreprisë wëssen, a wéi engem Kader se an Zukunft och kënne schaffen. An un esou engem Gesetz gëtt elo ganz aktiv a séier geschafft."
De Lead bei deem Gesetzprojet, präziséiert d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, hätt hire liberale Kolleeg, de Wirtschaftsminister Lex Delles.
Dee schafft och scho fläisseg drun, d'Betriber aus der ASBL LuxDefence waarden op d'Resultater.











