
De Mann krut e staarke Stroumschlag vun engem Kabel, deen am Gruef louch. Hien huet sech beim Virfall d'Hand schwéier verbrannt.
De Blesséierten ass vum Noutdéngscht op der Plaz behandelt an duerno an d'Spidol bruecht ginn.
D'Inspection du travail et des mines (ITM) ermëttelt an dësem Fall.