112Accident bei Dippech, eng Persoun gouf ageklemmt an uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Am Ganze goufen 2 Persounen beim Accident verwonnt, eng drëtt koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
VIDEO: Accident bei Dippech
Am Ganze goufen 3 Persounen beim Accident verwonnt.

Um 10.36 Auer e Mëttwoch de Moie gouf den 112 op d'RN05 tëscht Dippech an der Gréiwelsbarrière geruff. Hei kruten sech zwee Automobilisten ze paken, nodeem een Automobilist, een aus Dippech koum, d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer hat. Hie war géint 2 Beem gerannt a gouf zeréck op d'Fuerbunn geschleidert, wou hien an de Won gerannt ass, deen aus der anerer Richtung koum.

Den éischten Auto gouf uerg beschiedegt an béid Persounen am Gefier goufe schwéier verwonnt. Eng Persoun huet missten erausgeschnidde ginn, Liewensgefor besteet keng. D'Persoun am zweet Won gouf net blesséiert, si koum awer fir eng Kontroll an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mamer, Bartreng, Dippech an der Stad. Och de Rettungshelikopter huet misste geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO