
Den Accident ass kuerz no 18 Auer en Dënschdeg den Owend just virum Ufank vun der A7 a Richtung Stad passéiert. Zwou Persoune goufen dem CGDIS no dobäi blesséiert. D’Ekippen aus der Nordstad, Clierf, Biissen a Colmer-Schieren waren am Asaz.

An zu Rodange huet en Auto e Motocyclist an zwee geparkte Gefierer ze pake kritt, och hei goufen zwee Leit blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Péiteng an Esch, wéi och de Samu vun Esch. Wéi d’Police e Mëttwoch de Moie matdeelt, wier de Motocyclist schwéier um Been blesséiert ginn. Beim Automobilist wier iwwerdeems den Alkoholtest positiv gewiescht, esou nach d’Police.
E Mëttwoch de Moie géint 5.45 Auer gouf et op der A13 a Richtung Schengen tëscht Schëffleng a Keel e weideren Accident. Hei ass en Auto um Daach gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.