Zeienopruff vun der PoliceAccident mat Farerflucht an der Nuecht op en Dënschdeg zu Äischen

RTL Lëtzebuerg
Zu Äischen war en Automobilist oder eng Automobilistin an e Gefier gerannt, dat nieft der Strooss stationéiert war, an ass dono fortgefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.
© Laurent Weber

An der Nuecht vum 5. op de 6. Januar, fir méi genee ze sinn am Zäitraum tëscht 20.25 Auer a 7.30 Auer, koum et zu engem Accident mat Fahrerflucht an der Gäichel bei Äischen. Éischten Informatiounen no war e Gefier do an en Auto gerannt, dee laanscht Strooss ofgestallt war. De Chauffer am Auto, deen den Accident verursaacht huet, ass awer einfach weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

Beim flüchtegen Auto handelt et sech wuel ëm e rouden Opel Corsa oder Meriva, deen tëscht 2006 an 2017 gebaut gouf. De Besëtzer vum gesichten Auto respektiv Zeien, déi iergendwellech Informatiounen zum Accident hunn, solle sech bei der Police vu Capellen ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO