Tëscht Houschent an der Houschter DécktAccident mat véier Gefierer, N7 war zäitweis gespaart

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch an der Mëttesstonn koum et zu engem méi uergen Accident op der N7.

An der Mëttesstonn goufen d’Rettungsdéngschter an d’Police alarméiert, well op der N7 en Accident war, bei deem véier Autoen am Coup waren. Duerch den Impakt ass ee Won vun der Strooss ofkomm, krut e Bam ze paken a koum op engem Feldwee e puer Meter nieft der N7 zum Stoen.

Wéi et vun der Plaz heescht, waren nieft de Rettungsdéngschter och de Samu op der Plaz. Dräi Persounen goufen an d’Spidol ageliwwert, dorënner op d’mannst eng, déi schwéier blesséiert war.

Wären de Rettungs- an Opraumaarbechten huet d’Streck tëscht Houschent an der Houschter-Déckt misste gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO