TraficAccident op der A1 - Autobunn war gespaart op Héicht vum Cargo Center

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg de Moie fréi koum et op der Héicht vum Cargo Center op der A1 a Richtung Stad zu engem Accident, bei deem en Auto op der Säit gelant ass.
© CGDIS

Den Accident ass géint 5.40 Auer geschitt an eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën aus der Stad, vu Mensder an Nidderaanwen waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz aus der Stad an de Samu.

D'Autobunn huet musse wärend den Opraumaarbechte komplett gespaart ginn, wat natierlech fir zolidd Problemer am Trafic gesuergt huet. Géint 7.15 Auer war den Accident geraumt, ma deen Ament goufen et nach 12 Kilometer Stau.

Back to Top
CIM LOGO