
D'Pompjeeë vu Wolz a Wanseler, grad ewéi d'Ambulanz vun Ettelbréck waren och am Asaz.
Blesséiert gouf och en Automobilist dee géint 22.45 Auer tëscht Clierf an Eeselbuer vun der Strooss ofkoum an e Bam ze pake krut. Den Automobilist hat an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv a well dee schonn en ageschränkte Fuerverbuet hat a sech net un dat gehalen huet, huet de Parquet ordonéiert, dass den Auto beschlagnaamt gëtt. De Mann koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Zu Iechternach an der rue Benedikt Zender huet et en Donneschdeg kuerz virun 1 Auer dann an enger Fabrick gebrannt. D'Pompjeeë vun Iechternach, Konsdref an Uesweller hu geläscht, et blouf beim Materialschued.
Den 112 mellt en Donneschdeg de Mëtteg zwee weider Accidenter. Op der Escher A4 op der Héicht vun der Sortie Féiz kruten zwee Ween sech ze paken. Eng Persoun gouf liicht verwonnt. Kuerz viru 16 Auer sinn tëscht der Supp an Hiefenech zwee Autoen aneneegerannt. Hei goufen zwou Persoune liicht verwonnt.