
Um 17.45 Auer e Méindeg den Owend war et zu Zolwer zu engem Accident tëscht engem Cyclist an enger Foussgängerin komm. Dat wéi de Vëlosfuerer op der Kräizung tëscht der Rue Jean Anen an der Rue de Chemin de Fer mat der Foussgängerin kollidéiert war. Dës gouf dobäi op de Buedem geschleidert a blesséiert. D’Fra gouf an d’Spidol transportéiert an et gouf e Rapport vum Accident geschriwwen.
Iwwerdeems huet d’Police 2 provisoresch Fuerverbueter wéinst Alkohol um Steier ausgeschwat:
Géint 18.15 Auer e Méindeg den Owend krut d’Police en Auto gemellt, deen op der A7 an Direktioun Norden am Zickzack gefuer war. Nodeems den Auto zu Colmer-Bierg vun der Autobunn erofgefuer ass an e geparkten Auto gesträift an dobäi liicht beschiedegt hat, gouf e vun enger Patrull vun der Police gestoppt.
Géint 02.55 Auer en Dënschdeg de Moien hat d’Police dann en alkoholiséierte Chauffer vun enger Camionnette an der Lëtzebuerger Strooss zu Luerenzweiler gestoppt.