
E méi schwéieren Accident gouf et e Samschdeg de Moien um 6.50 Auer tëscht Réid an Aassel. En Auto ass do an e Bam gerannt, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Nieft de Rettungsekippen aus der Géigend war och de Samu op der Plaz.
Da mellt de CGDIS, datt op der Route de Longwy zu Rodange eng elektresch Këscht gebrannt huet, dat um kuerz no 10 Auer.