PoliceAccident wéinst Alkohol, Kontroll no opfällegem Fueren a presséierte Chauffer

RTL Lëtzebuerg
Géint 3 Auer an der Nuecht op e Samschdeg krut d'Police en Accident zu Rolleng gemellt.
© RTL Archivbild

E Gefier war do vun der Fuerbunn ofkomm a krut den Trëttoir ze paken, souwéi e Gelänner an a Luuchtepotto. Kengem ass eppes geschitt, ma de Materialschued wier grouss. Et huet sech erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. Hie krut de Fürerschäin ewechgeholl an de Parquet gouf informéiert.
Kuerz virdru war awer nach e Chauffer der Police op der N10 tëscht Schengen a Réimech opgefall, deen am Zickzack gefuer an deels och op d’Géigespuer geroden ass. Bei der Kontroll ass de Beamten opgefall, dass den Automobilist staark alkoholiséiert war. D’Gefier gouf séchergestallt, de Permis agezunn an och hei de Parquet informéiert.

Wéi d’Police präziséiert, goufen och an der Stad um fréie Samschdeg de Moien eng Rei Fürerschäiner agezunn wéinst Alkohol um Steier.

Mat héijer Vitess duerch Dikrech

Bei enger allgemenger Verkéierskontroll zu Dikrech ass der Policepatrull géint 1.00 Auer e Won opgefall, dee mat 97 Stonnekilometer an der Ettelbrécker Strooss amplaz den erlaabte 50 gesteiert gouf. De Chauffer krut de Permis nach op der Plaz ewechgeholl a krut e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO