Izeger SteeAccidentéierten Automobilist iwwerrennt bal e Polizist, dee just hëllefe wollt

RTL Lëtzebuerg
Kuriéis Situatioun en Donneschdeg den Owend, wéi en Automobilist engem Mann hëllefe wollt, dee wuel en Accident um Izeger Stee hat.
© Police Accident Domingos Oliveira

Et war géint 22 Auer, wéi engem Automobilist en Auto opgefall ass, dee matten op der Strooss stoung an un der Front getéitscht war. Wéi den hëllefsbereete Mann, deen iwwregens Polizist war, dem accidentéierte Chauffer hëllefe wollt, huet dësen nawell aggressiv reagéiert.

De Polizist war awer der Meenung, dass de Chauffer vum accidentéierten Auto Hëllef bräicht an ass dofir zeréck bei säin Auto gaangen, fir den Accident ze mellen. Op eemol ass den anere Chauffer riicht op de Polizist duergefuer an huet deen dunn och um Been ze pake kritt. En ass eréischt e gutt Stéck méi spéit um Vëloswee um Izeger Stee un d’Hale komm.

De Mann war duercherneen a gouf vun der Policepatrull immobiliséiert, déi op d’Plaz geruff gouf. E gouf medezinesch betreit, iwwerdeem de Parquet ordonéiert hat, dass den Auto vum Mann beschlagnaamt gëtt.

De blesséierte Polizist koum an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO