E Freideg den OwendAccidenter mat Blesséierten um Houwald an zu Zolwer

RTL Lëtzebuerg
Nieft zwee Accidenter huet de CGDIS och nach fir dräi Bränn missten ausrécken. Dobäi gouf awer kee blesséiert.

De CGDIS mellt zwee Accidenter e Freideg den Owend. Zu Zolwer si géint 18.20 Auer an der rue de Sanem e Moto an en Auto net laanschtenee komm. Et gouf kee blesséiert.

Um Houwald an der Rue In Bouler ass kuerz virun 23 Auer gëschter Owend en Auto accidentéiert. Heibäi ass eng Persoun verwonnt ginn.

Wéinst Dampentwécklung a klenge Bränn war de CGDIS dräi Mol am Asaz. Dat zu Waarken, zu Nidderkäerjeng an an der Stad zu Bouneweg. Et gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO