Lëschte Prozessdag an der Traversini-AffärAffekot freet Suspensioun vum Prononcé

Diana Hoffmann
De Roberto Traversini hat net d’Absicht gehat, eng Strofdot ze begoen, sot säin Affekot a senger Plaidoirie.
© RTL

Muss de Roberto Traversini geschwënn an enger Klinik, engem Altersheem oder beim CIGL mathëllefen? Dëst ass op d’mannst ee Strofmooss, dat sech säin Affekot, de Rosario Grasso, ka virstellen, dat am Fall, dass d’Geriicht keng Strof iwwer 6 Méint zréck géing behalen. “Dat geet da bis e Maximum vun 240 Stonnen, wat enger Prisongsstrof vu 6 Méint entsprécht. Haut ass gefrot ginn: ‘Schécke mer en da bei de CIGL?’ Dat misst dann d’Geriicht decidéieren, wat fir eng Aarbechten e misst maachen”, huet de Rosario Grasso nom leschte Prozessdag um RTL-Mikro e Méinden den Owend ënnerstrach.

An éischter Linn huet den Affekot awer d’Geriicht gefrot, eng ‘Suspension du prononcé de la condamnation’ ze spriechen. Also en Urteel wou d’Geriicht seet, dass déi Persoun strofrechtlech responsabel a coupabel ass, mee opgrond vu bestëmmten Ëmstänn géing fir de Moment keng Strof gesprach ginn. Falls awer dann d’Persoun sech an den nächste Joren nach eng Kéier misst viru Geriicht veräntwerten, géing se nach eng Kéier zréck och virun dat aktuellt Geriicht kommen. “Am Dossier vum Traversini gëtt et awer nach eng Hürd”, huet de Rosario Grasso weider erkläert. Nämlech de Reproche vu Fälschung a senger Fonctioun als Fonctionnaire public. Gëtt dëse Reproche zréckbehalen, läit d’Strofmooss bei op d’mannst dräi Joer. An deem Fall wier d’Aussetze vum Prononcé net méi méiglech.

De Roberto Traversini wier bei der Enquête ëmmer kooperativ gewiescht an hätt éierlech op all d’Froe vun der Police judiciaire a vum Untersuchungsriichter geäntwert, huet den Affekot a senger Plaidoirie gesot. Hien hätt vun Ufank un agestanen, Feeler gemaach ze hunn, mee dat géing net heeschen, dass se och strofrechtlech relevant wieren. Bestëmmt wieren et awer fir säi Mandant moralesch a politesch Feeler, déi e gemaach hätt. De Roberto Traversini hätt net d’Absicht gehat, sech selwer ze beräicheren oder Leit déi him nostinn ze bevirdeelegen. En hätt ëmmer oppe gehandelt, a kengem gesot, dass en zum Beispill eng Rechnung net sollt facturéieren. Fir dass awer eng Prise illégale d’interêts virläit, misst een um Enn net vill beweisen, sou den Affekot. Soubal privaten en ëffentlech Interessi vermëscht géing ginn, wier hei am Land d’Infraktioun scho ginn.

De Parquet hat d’lescht Woch véier Joer Prisong mat integralem Sursis gefrot, sou wéi eng Geldstrof an e Verbuet vu fënnef Joer, wou keen ëffentlecht Amt däerf ausgeüübt ginn. Dass et vun der Enquête bis zum Prozess bal sechs Joer laang gedauert huet, kommentéiert den Affekot domat, dass dat beim Rechtsstaat esou wier. “De Roberto Traversini ass ganz fréi, wou d’Affär lassgaangen ass, zréckgetruede vun de verschiddenen Ämter, wat ech als verantwortlech ugesinn. Awer och als respektvoll vis-à-vis vu senge Parteikolleegen. Et ass an der Politik am allgemenge richteg, dass een dat mécht”, huet de Rosario Grasso betount. Ob de Roberto Traversini an Zukunft iwwerhaapt nees en ëffentlecht Amt géing ustriewen, ass wärend dem Prozess net ganz kloer ginn. D’lescht Woch huet hie bei der Fro eng Kéier de Kapp gerëselt. E Méinden, wou säin Affekot hie gekuckt huet a sot, ze mengen, verstanen ze hunn, dass hie keen ëffentlecht Amt géing ustriewen, huet säi Mandant just breet gegrinst.

D’Urteel an der Affär gëtt den 12. Mäerz gesprach.

Back to Top
CIM LOGO