Harcèlement iwwer d'Sozial MedienAffer fuerdert en adequat Gesetz, fir sech kënnen ze wieren

Monique Kater
Jorelaang gëtt de Jean-Marc Cloos schonn iwwer Sozial Medie vun der selwechter Persoun harceléiert. Trotz Verurteelung huet sech awer näischt geännert.
Affer vun Harcèlement iwwer Sozial Medien fuerdert en adequat Gesetz
Jorelaang gëtt de Jean-Marc Cloos schonn iwwer Sozial Medien vun der selwechter Persoun harceléiert. Trotz Verurteelung huet sech awer näischt geännert.

Zënter 10 Joer gëtt de Jean-Marc Cloos reegelméisseg vun enger an där selwechter Persoun belästegt, harceléiert a reegelrecht gestalkt. Eng Situatioun, déi sech esouguer no enger éischter Verurteelung vum Auteur, deen ënner falsche Profiller online ënnerwee ass, net geännert hätt. Wann eng Plattform wéi Facebook kaum géing reagéieren, wann hie “Posts” mellt, déi als Infraktioun kënne gëllen, wier et fir hie kloer, dass et un enger adequater Legislatioun feelt. Wéi elo och nach d’Wuert “Scharfschütze” opgedaucht ass, ass et dem “Harceléierten” definitiv ze bont ginn: säin Appell un déi zoustänneg Instanzen: gitt de Leit endlech eng uerdentlech Handhab. D’Insultë waren ugangs a Bréiwer formuléiert, déi goufen hott an har duerch d’Land geschéckt, un de Patron zum Beispill oder och nach un den zoustännege Ministère. Dunn, op eemol, de Switch op d’sozial Netzwierker.

“Giftmischer, Säufer, Nullekacker, Verbriecher, Mäerder...” - nëmmen e puer Beispiller vun deem, wat een ëmmer erëm do kéint liesen, zielt a weist eis de Jean-Marc Cloos op sengem Ecran.

10 Joer géing dës Persoun hien a seng Famill elo schonn diffaméieren an och op de Säite vun hire Frënn a Bekannte géife mat falsche Profiller, Lige gepost. Et wier en Dauerthema, scho méi wéi lästeg. Dobäi kéim de Fait, dass ee sech net kéint esou effikass wieren, dass d’Saach ee vir allemol vum Dësch wier, stellt d’Affer fest.

© RTL Grafik

Facebook géing meeschtens net reagéieren

Meta, d’Entreprise zu där Facebook, Whatsapp, Messenger an Instagram gehéieren, schéngt sech ganz genee mat deene verschiddenen nationale Legislatiounen auszekennen. A géing deementspriechend reagéieren – also dacks net... Nëmmen eng 5 – 10% vun de “Posts”, déi hie gemellt hätt, wieren effektiv geläscht ginn. Sou zum Beispill den Opruff zum Mord, deen elo komm wier. Den Nazi-Verglach géing Facebook einfach drop loossen. Bei LinkedIn wier dat anescht, do géif och an esou Fäll direkt gehandelt.

Hëlleft d’Gesetz beim “Sech-Wieren”?

Jo, sou d’Äntwert aus dem Justizministère. Duerch de Code Pénal hätt ee genuch juristesch Moyene fir all Zort vun Harcèlement, sief dat on- oder offline ze poursuivéieren. Och den Harcèlement obsessionnel. Elementer sammelen a Fakten noweisen, dono Plainte bei der Police maachen, wier den normale Wee. Och eise Jurist confirméiert, dass ee sech ka wieren, setzt awer e “mee” hannert säi Saz.

Diffamatioun, Injure a Calomnie wieren déi klassesch Paragraphen an eisem Code Pénal. Mee hei géifen ëmmer Konditioune virausgesat: Zum Beispill misst een noweisen, dass deen, duerch deen ee sech ugegraff fillt, schlechte Wëlles war asw. Bis dass déi Paragraphe gräifen, missten all déi Konditiounen erfëllt sinn. An da géif d’Fro gestallt, wéi reell deen Harcèlement war, explizéiert de Jean-Philippe Boever, Jurist an am Ethik-Rot vun RTL.

Nei legiferéiere wier net néideg, seet d’Justizministesch

Lëtzebuerg setzt fir esou Fäll awer och op der EU-Kommissioun hiren “Digital Services Act”, deen zënter Februar a Kraaft ass. Dee stellt Reegelen op, fir e sécheren digitale Raum, an deem d’Grondrechter vum User geschützt sinn. D’EU-Kommissioun iwwerwaacht d’sozial Medien, hei Facebook speziell an hätt de Service-Providere virgeschriwwen, illegale Contenu erofzehuelen an d’Autorités de poursuite an d’Bild ze setzen, seet d’Justizministesch Elisabeth Margue. D’Ministesch verléisst sech elo emol op dat, wat mer hunn. Nei legiferéiere wier den Ament net néideg.

Mat där Ausso ass de Jean-Philippe Boever net d’accord. Senger Meenung no bräichte mer e breet gefaassten Harcèlement-Paragraph mat direkter Prozedur hannendrun, woumat een dann net méi, wéi elo, iwwer d’Trëttbriet vun enger Injure, enger Calomnie oder der Violation de la vie privée misst fueren.

Eist Affer Jean-Marc Cloos wäert vun der Äntwert vun der Ministesch, hei wier den Ament kee Besoin nei ze legiferéieren – eng Positioun, déi iwwregens och déi vireg Justizministesch vertrueden huet - wuel net begeeschtert sinn.

Déi nei EU-Reegele stiechen, wat hir Ëmsetzung ugeet, nach an de Kannerschong a viséieren zum Beispill emol a Fäll vu Kannerpornografie op de soziale Medien. Ob se a Fäll wéi eisem Beispill hei effektiv gräifen, bleift ofzewaarden.

De Jurist Jean-Philippe Boever zum Ëmgang mam Phänomen Harcèlement a Frankräich
Um Beispill vum Lindsay, der Schülerin, déi sech d’Liewen no Harcèlement vu Matschüler geholl huet, erkläert de Jurist, wéi eist Nopeschland mat Mobbing ëmgeet.

Back to Top
CIM LOGO