
Ganz tragesch war en Accident en Donneschdeg den Owend op der Nationale 12, tëscht Aasselbur an Ëlwen. An enger laanggezunner Lénkskéier krut en Automobilist e Foussgänger ze paken, deen do an der Dämmerung ënnerwee war.
Fir den Onglécklechen, e jonken Mann vun 23 Joer aus der Belsch, sollt all Hëllef ze spéit kommen. Hien ass nach op der Onglécksplaz verstuerwen. Am Communiqué vun der Police heescht et, dass déi genee Ëmstänn vum Accident ënnersicht ginn.
An déi Ëmstänn sinn den Ament Sujet vun enger Enquête. Dofir däerf d’Police bis op Weideres, aus verständleche Grënn, och keng weider Detailer ginn.
Et ginn awer Elementer, déi Froen opwerfen.
Um 21.30 ass de jonke Mann um hallwe Wee tëscht Aasselbur an Ëlwen gesinn ginn, ewéi hie just mat engem Kalzong bekleet matzen an der Strooss ënnerwee war. Hien hat keng Schong a keng Strëmp un, huet en Aenzeien eis eragemellt. De jonke Mann hätt e “verwirrten” Androck op den Aenzeien gemaach. Den Aenzeien huet de Virfall direkt um 113 gemellt.
Vu dass de Policebüro vun Ëlwen net wäit ewech vun där Plaz ass, wou de jonke belsche Staatsbierger gesi gouf, ass den Aenzeien dovunner ausgaangen, dass dem Mann séier kéint gehollef ginn. Dat war allerdéngs net de Fall.
50 Minutten nom Appell koum et zum déidlechen Accident, wou en Auto de 23 Joer jonke Foussgänger an enger laanggezunener Lénkskéier frontal ze paken krut.
Eisen Informatiounen no war de jonke Belsch nämlech mat engem Grupp vu Leit ënnerwee, dagsiwwer am Raum Ëlwen, Wëntger. Engem Grupp vu weidere Belsch, déi aus der Ëmgéigend vu Bréissel solle stamen.
Am Verlaf vum Dag wier de Grupp dobäi opfälleg ginn, duerch e Fuerverhale mat enger klenger Camionnette, dat zimlech geféierlech gewiescht wier. Dat war aneren Automobilisten opgefall, an och Leit, déi am gaange waren de Parcours vum 24 Stonne Vëlo Wëntger ze amenagéieren. Dem Event, deen um Freideg den Owend ufänkt. Dat gouf och der Police gemellt.
Eisen Informatiounen no wieren souguer Pompjeeën eng Zäit hannert der Camionnette gefuer, fir de Verkéier ofzebremsen, dass eben näischt geschitt. Vun enger Gefor op der Strooss wier rieds gaangen.
1 bis 2 Stonnen virum trageschen Accident wier d’Affer, wat do och schonn eleng ënnerwee muss gewiescht sinn, eisen Informatiounen no, och scho vun enger Patrull ugehale ginn. Déi hat awer keng Handhabung fir de Mann matzehuelen, well e sech do nach net opfälleg behuelen hätt, krute mer gesot.
De Mann, souvill schéngt kloer, wier zum Ament vum Accident, nees eleng ënnerwee gewiescht. Bleift ze klären firwat hien an der Dimmerung, kuerz no 22 Auer op där Streck getrëppelt ass, wéi et heescht, deels och ronderëm-getiërkelt, an nees eleng, op enger Streck ouni Trottoir, déi och net beliicht ass.
D’Enquête ass wéi gesot, den Ament um Lafen.